'Berceuse (fr) ass e franséischt Wuert fir e Schloflidd (Wéielidd).

An der klassescher Musek, ass eng Berceuse eng Musekskompositioun am 6/8-Takt, déi engem Schloflidd gläicht.

D'Berceuse huet sech besonnesch an der Instrumentalmusek vum 19. Joerhonnert zu enger eegestänneger Museksform entwéckelt, déi vum Genre hier verdreemt ass, a berouegend wierke soll. Si gläicht doran der Nocturne an der Barcarole.

Déi bekanntst Berceuse ass déi vum Chopin a see heescht och Berceuse. Et ass den 72-Takt-laangen Opus 57, deen de Frédéric Chopin 1845 fir Piano geschriwwen huet. Déi Geloossenheet a Séilerou déi vun der Berceuse ausgaangen ass huet de Komponist selwer a senge Summervakanze gespuert, fir déi en zanter 1841 am Landhaus vun der George Sand zu Nohant war.

Den Ignacy Jan Paderewski spillt d'Berceuse um Piano op youtube.com

Verschidde Berceusen änneren

 
de Johannes Brahms
  • Am Johannes Brahms sengen dräi Intermezzi Opus 117 vun 1892 ass d'Piano-Versioun vum Schloflidd Guten Abend, gute Nacht aus Des Knaben Wunderhorn agebaut. Dësen Andante moderato ass inspiréiert vun engem schottesche Schloflidd, dem Lamentation of Lady Bothwell aus dem Percy sengem Reliques of Ancient Poetry, dat de Brahms schonn aus dem Herder senger Anthologie Stimmen der Völker kannt huet.
  D'Orchesterversioun vum Originalstéck Opus 49-4 vum Johannes Brahms op youtube.com
  • 1781 komponéiert den Johann Friedrich Reichardt d'Melodie vum bekannte Schloflidd "Schlaf, Kindlein, schlaf!".
  • De Ferruccio Busoni schreift vun 1907 bis 1909 seng Siwen Elegie fir Piano. Wéi seng Mamm 1909 stierft, schreift hien déi lescht ëm als Berceuse élégiaque. La Berceuse de l'homme auprès du cercueil de sa mère. fir Orchester (den Titel ass am Original op Franséisch). De Busoni sot dozou: "De Mann séngt fir seng verstuerwe Mamm dat selwecht Lidd, dat se him a senger Kandheet gesongen hat, an dat hie säi ganzt Liewe begleet huet". D'Uropféierung huet de Gustav Mahler den 21. Februar 1911 zu New York a sengem leschte Concert dirigéiert.
  • Mat der Berceuse héroique vun 1914 wollt de Claude Debussy dem belsche Kinnek Albert I. a sengen Zaldoten eng Éier erweisen. Dëst Wéielidd fir doudeg Helde wierkt besonnesch duerch seng onheemlech Stëmmung.
  • D'Wiegenlied aus dem Brahms senge 14 Volks-Kinderlieder.
  • D'Berceuse de Jeanne fir Piano vum Harrison Birtwistle.
  • Berceuse sur le nom de (Gabriel Fauré vun 1922 fir Piano a Gei vum Maurice Ravel.
  • Dem Gabriel Fauré säin Opus 16, Berceuse.
  • Dem Charles Gounod seng Dondelinette, eng Berceuse fir Piano zu véier Hänn.
  • Dem Edvard Hagerup Grieg säin Opus 68 Bei der Wéi.
  • Den Olli Mustonen fänkt 1996 seng Petite Suite fir Cello a Sträichorchester mat enger Berceuse un.
  • An den Eelef Pianostécker Opus 46, No 1 vum Theodor Leschtizky ass dat éischt eng Berceuse.
  • De Max Reger huet zwou Berceuse geschriwwen, déi hien awer net sou nennt:
Aus meinem Tagebuch, op.82, H.2, Nummer 9
Träume am Kamin, op.143, Nummer 12