De Benedikt V., gebuer zu Roum, a gestuerwen de 4. Juli 965 oder 966 zu Hamburg, war Poopst vun der kathoulescher Kierch am Joer 964. Säin Numm bedeit: de Geseenten (Latäin).

De Benedikt V.

Hie war de Jong vum Réimer Johannes aus der Regio Marcelli. De Benedikt hat de Ruff e Mann ze sinn, dee sech fir villes intresséiert, wat em de Bäinumm Grammaticus abruecht huet. E gouf am Ufank vum réimesche Patriziat 964 nom Doud vum Poopst Johannes XII., dem Keeser Otto I. als Poopst virgeschloen. Den Otto awer huet d'Erëmasetzung vum Leo VIII. gefuerdert, dee kuerz virdrun aus Roum verdriwwe gouf. De Benedikt gouf trotzdeem op de Poopsttroun gehuewen.

No der Eruewerung vu Roum setzt de Keeser de Benedikt op enger Lateransynod (Enn Juni 964) zu Gonschte vu "sengem" Poopst, dem Leo VIII., of.

De Benedikt, deen op der Synod als Gefaangene virgefouert gouf, gouf als Invasor, Usurpator an Eedbrécher ugeklot. Hien huet op eng Verdeedegung verzicht a sech schëlleg bekannt. En huet d'Synod als ofgesaten, aus Roum verbannten, zum Diakon degradéierte Mann verlooss an huet sech der Opsiicht vum Hamburger Äerzbëschof Adaldag missen ënnerstellen.

Als Gefaangene vum Keeser gouf hie bei der Réckrees vum Adaldag op Hamburg bruecht, wou hien de 4. Juli 965 (no anere Quellen 966) gestuerwen ass. Dat eidelt Graf (Kenotaph) war bis 1805 am Hamburger Doum. Op Wonsch vum Otto I. gouf seng Läich (warscheinlech 988) op Roum zeréckbruecht.

Um Spaweck änneren

Commons: Benedictus V – Biller, Videoen oder Audiodateien
Virgänger   Nofollger
Leo VIII. Lëscht vun de kathoulesche Peepst Johannes XIII.