Behemoth (aus dem Hebräeschen "Déier", "Ongeheier") ass den Numm vun engem Ongeheier aus der jiddesch-chrëschtlecher Mythologie.

Gestalt änneren

D'Ongeheier huet Charakteristike vu verschiddenen Déieren, et gläicht haaptsächlech engem Nilpäerd awer och engem Elefant, engem Waasserbüffel an enger Geess. Seng Gestalt gouf eventuell duerch den egyptesche Gott Seth beaflosst, deen och Attributer vum Nilpäerd hat.

Behemoth an der Bibel änneren

D'Ongeheier gëtt an der Bibel als éischt Wierk Gottes[Source?] beschriwwen.

Behemoth a Verbindung mam Béisen änneren

D'Monster gouf dacks a Verbindung mam Däiwel bruecht, besonnesch duerch de Collin de Plancy an den Anton LaVey, déi de Behemoth als dommt a verfroossent Monster duerstellen[Source?], dat an der Häll schafft.