Beauraing

belsch Gemeng
Dëse Geographiesartikel iwwer d' Belsch ass eréischt eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Beauraing ass eng Stad a Gemeng an der Belscher Provënz Namur.

Beauraing
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Provënz Namouer
Arrondissement Dinant
Awunner 9.160 (1. Januar 2018)
Fläch 17.455
Koordinaten 50° 06’ 33.62’’ N
      04° 57’ 29.06’’ O
Telefonszon 082
Postcode 5570
Websäit https://www.beauraing.be/

D'Gemeng an der haiteger Form besteet zanter der belscher Gemengereform vun 1977. Si ass entstanen aus der Fusioun vun de fréiere Gemenge Beauraing, Baronville, Dion, Felenne, Feschaux, Focant, Froidfontaine, Honnay, Javingue, Martouzin-Neuville, Pondrôme, Vonêche, Wancennes, Wiesme a Winenne.

Den Titel Stad krut se duerch en Arrêté Royal am Joer 1985.

Verkéier änneren

Beauraing ass un de Verkéier ugeschloss iwwer véier Nationalstroossen, an iwwer d'Eisebunnsstreck Dinant-Bertrix

Reliéises änneren

Beauraing ass doduerch bekannt ginn, wëll d'Muttergottes do tëscht dem 29. November 1932 an dem 3. Januar 1933 fënnef Kanner soll erschéngt sinn. Si soll sech als "la Vierge Immaculée" bezeechent hunn.[1] Dat huet dozou geféiert, datt Beauraing zu enger Uertschaft ginn ass, déi Joer fir Joer vill Pilger unzitt.

Literatur änneren

  • Anonyme (s.d.): Les apparitions de Beauraing. 100e mille. Beauraing, 16 p.
  • Monin, Arthur (1949): Notre-Dame de Beauraing : origine et développements de son culte. Bruges, Desclée de Brouwer, 230 p.
  • Wilmet, Louis (1933): Beauraing. Charleroi-Paris, J. Dupuis, 342 p.

Um Spaweck änneren

 
Beauraing, Panorama vun der Uertschaft
 
Beauraing, Mariekapell.


Kathoulesch Muttergottes-Pilgerplazen an Europa
Lëtzebuerg: Lëtzebuerg - Stadgronn - Wolz - Léiffrächen - Giischterklaus - Veianer Bildchen - Heeschbreger Bildchen
Belsch: Banneux - Beauraing - Foy-Notre-Dame - Moresnet-Chapelle - Werpin
Frankräich: Lourdes - Avioth - Bonne-Fontaine - Monléon-Magnoac - Notre Dame du Puy Rachat - Notre-Dame de La Salette - Schwaarz Muttergottes vu Rocamadour
International: Fátima - Einsiedeln - Montserrat - Altötting - Kevelaer - Loreto - Mariazell - Tschenstochau - Covadonga
Pilgerplaze fir Sportler: Notre-Dame des Cyclistes (F) - Notre-Dame de la Course Landaise (F) - Notre-Dame-du-Rugby (F) - Chèvremont (B) - Nuestra Señora de Dorleta (Es) - Madonna del Ghisallo (It)


Referenzen änneren

  1. Monin 1949, S. 22; Anonyme, S. 4.
Commons: Beauraing – Biller, Videoen oder Audiodateien