Basler Läggerli ass e Schwäizer traditionellt Gebäck, dat, wéi den Numm et verréit, seng Originnen an der Stad Basel huet.

Basler Läggerli

D'Läggerli gi mat Weessmiel, Hunneg, gezéckert Friichten, Orangeat oder/an Zitronat an Hieselnëss, déi duerch Mandele kënnen ersat ginn, fabrizéiert.

De plattgewalzten Deeg, gëtt wann e gebak aus dem Schäffche kënnt, nodeem s e mat enger Zockerglasur iwwerpënselt gouf, a kleng véiereckeg Maufele geschnidden.