D'Basilica Sempronia gouf 170 v. Chr. vum Zensor Tiberius Sempronius Gracchus zu Roum gebaut.

D'Basilika gouf op enger Plaz gebaut wou virdrun dem Scipio säin Haus an e puer Geschäfter stoungen, do wou de Vicus Tuscus un de Forum Romanum gestouss ass.

Donieft stoungen den Tempel vum Saturn an den Tempel vum Castor a vum Pollux.

Si gouf 55. v. Chr. ofgerappt wéi d'Basilica Julia gebaut gouf.