Baruch Samuel Blumberg

amerikanesche Medezinner


De Baruch Samuel Blumberg, gebuer den 28. Juli 1925 zu Brooklyn (New York) a gestuerwen de 5. Abrëll 2011[1], war en US-amerikanesche Wëssenschaftler. Zesumme mam Daniel Gajdusek huet hien 1976 de Medezin-Nobelpräis kritt fir seng Entdeckung, wéi ee mat neie Methoden den Ursprong an d'Verspreede vun ustiechende Krankheeten erkläre kann. De Blumberg hat de Virus vun der Hepatite B identifizéiert, a méi spéit en Test entwéckelt, fir d'Krankheet ze diagnostizéieren, an och en Impfstoff dergéint.

Baruch Samuel Blumberg
Gebuer 28. Juli 1925
Brooklyn
Gestuerwen 5. Abrëll 2011
Mountain View
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit USA
Educatioun Balliol College,
Columbia University,
Columbia University College of Physicians and Surgeons,
Union College,
Far Rockaway High School
Aktivitéit Dokter, Anthropolog, Virolog, Universitéitsprofesser, Erfinder, Biochimist, Geneetiker
Member vun National Academy of Sciences, American Academy of Arts and Sciences

Hien hat Mathematik, duerno Medezin studéiert, 1951 en Doktorat an der Medezin gemaach, an 1957 zousätzlech e Ph.D. an der Biochimie.

Hien huet op verschiddenen amerikaneschen Universitéiten, an och zu Oxford enseignéiert, a gouf 1999 fir 3 Joer Direkter vum NASA Astrobiology Institute vum Ames Research Center zu Moffett Field a Kalifornien.

Literatur änneren

  • Baruch S. Blumberg: Hepatitis B. The hunt for a killer virus. Princeton University Press, Princeton NJ 2002, ISBN 0-691-00692-X.
  • Harvey Alter: Baruch Blumberg (1925–2011). In: Nature, Band 473, 2011, S. 155,

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Baruch Samuel Blumberg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. newscientist.com