Barry Marshall

australeschen Dokter
Dëse Medezinsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Barry J. Marshall, gebuer den 30. September 1951 zu Kalgoorlie a West-Australien, ass en australeschen Dokter.

Barry Marshall
Gebuer 30. September 1951
Kalgoorlie
Nationalitéit Australien
Educatioun Universitéit vu Westaustralien
Aktivitéit Dokter, Professer, Biolog, Autobiograph
Member vun Royal Society, National Academy of Sciences, Chineesesch Akademie fir Ingenieurswëssenschaften, Australesch Wëssenschaftsakademie

De Marshall ass Professer fir klinesch Mikrobiologie op der University of Western Australia. En ass bekannt dofir, nogewisen zu hunn, datt Helicobacter-pylori-Bakteerien d'Ursaach si fir déi meescht Moschwieren, an net de Stress oder gewierzt Iessen.

D'Theorie vum Helicobacter-pylori gouf um Ufank vu ville Wëssenschaftler net eescht geholl, well se der Meenung waren, Bakteerie kéinte wéinst der Mosaier net iwwerliewen. Fir de Géigendeel ze beweisen, huet de Marshall 1984 e Reagenzglas mat deene Bakteerie gedronk. Doropshin huet en e Moschwier kritt, deen e mat Antibiotika geheelt huet.

Am Dezember 2005 krut hien zesumme mat dem J. Robin Warren den Nobelpräis fir Medezin fir d'Entdeckung vum Helicobacter pylori.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Barry Marshall – Biller, Videoen oder Audiodateien