D'Andeelung vun de Planéite vum Sonnesystem a bannenzeg Planéiten a baussenzeg Planéite bezitt sech op d'Bild vun zwou Gruppen, déi sech am cheemeschen Opbau staark vuneneen ënnerscheeden an deenen hire Grenzberäich duerch d'Haaptasteroidenceinture markéiert gëtt: déi bannenzeg Planéite lafe bannenzeg vun der Haaptasteroidenceinture ëm d'Sonn, déi baussenzeg lafe baussen drëm.

D'Sonn an d'Planéite vum Sonnesystem am richtege Gréissteverhältnes (Distanze sinn net moossstafgetrei)

Déi bannenzeg Planéite sinn:

Déi baussenzeg Planéite sinn:

All bannenzeg Planéite sinn terrestresch Planéiten an ënnerscheede sech domat wiesentlech vun de baussenzege Planéiten, déi all Gasrise sinn.

Géintiwwer vun dëser planetologesch begrënnter Ënnerscheedung, bezitt sech d'Ënnerdeelung an ënnescht an iewescht Planéiten als Kategoriëpuer vun der Observatiounsastronomie, op hir vun der Äerd aus ënnerschiddlech Observatiounsbedingungen, wéinst hirer Ëmlafbunn bannenzeg resp. baussenzeg vun der Äerdbunn.

Bis zum 24. August 2006 hat och de Pluto zu de baussenzege Planéite gehéiert. No enger Neidefinitioun vum Begrëff Planéit duerch d'International Astronomesch Unioun (IAU) gouf him de Status ewechgeholl.

Literatur änneren