D'Bandsee ass eng Zort See; en Handwierksapparat deen een haaptsächlech a Schräinereien an a Seeëreie fënnt. Do huet se den Zweck d'Holzstécker sou prezis wéi méiglech op hir Beaarbechtungsgréisst ze schneiden.

Modern Bandsee

Well d'Blat vun der Bandseeën a Schräinereie relativ schmuel ass, a fräi leeft, ass et domat méiglech, och am Krees ze schneiden. Et kann een op der Bandsee sou praktesch all virgezeechent Profil aus engem Stéck Holz erausschneiden.

Eng Bandsee besteet aus engem zolitten héije Gestell un deem a vertikaler Richtung ënnen an uewen e grousst Rad festgemaach ass.

Dat ënnescht Rad ass op enger fester Well montéiert, a meeschtens ass et dat Rad, dat vun engem Motor oder engem Rimm dee vun enger anerer Kraaftquell kënnt ugedriwwen.

Dat iewescht Rad ass an der Héicht verstellbar, fir sou kënnen d'Seeband dat iwwer déi zwee Rieder leeft, ze spanen.

Tëscht den zwee Rieder, ass op Schaffhéicht eng horizontal Plack, mat engem rechteckege Schnatt an der Mëtt, fir d'Seeband passéieren ze loossen. Dëst ass de Seedësch, op deen d'Stécker déi geschnidde solle ginn, geluecht ginn. Deen Dësch huet eng poléiert Fläch fir datt d'Holzstécker liicht ze guidéiere sinn. Un der See sinn dann nach Ofdeckunge laanscht d'Seeblat, déi als Protektioun geduecht sinn, am Fall wou d'Seeblat géif räissen.

Bandseeë fënnt en awer och nach a Schluechthaiser a bei Metzlere fir d'Schanken duerchzeschneiden. Dann hu se e besonnesch schmuelt Band a reng Zänn.

Grouss Bandseeë mat breede Bänner fënnt een a Seeëreien, fir d'Bamsstämm der Längt no duerchzeschneiden. Dacks si se do och als Zwillingsbandseeë gebaut.

Eng aner Uwennung si mobil Bandseeën, fréier op fuerbaren Dampmaschinnen, duerno op Traktere montéiert, fir sou kënne bei d'Leit ze fueren, an do Kouertestécker op Uewemooss ze schneiden.

Um Spaweck änneren

Commons: Bandseeën – Biller, Videoen oder Audiodateien