D'Bandikurate si Raten a Südostasien. Si kënne bis 60 cm laang ginn, a bis 1,5 Kilo schwéier. Um Réck si se hellgro, brong oder schwaarz an ënner dem Bauch knaschtegwäiss.

Bandikuraten
Bandicota bengalensis

Bandicota bengalensis
Bandicota bengalensis
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Mamendéieren
Uerdnung: Knabberdéieren
Famill: Laangschwanzmais
Ënnerfamill: Alweltmais
Gattung: Bandikuraten
Wëssenschaftlechen Numm
Bandicota
Gray 1873
Aarten

Indesch Maulefsrat
Echt Bandikurat
Savile-Bandikurat

D'Bandikurate gruewen ënnerierdesch Schlëff, mat hire viischte Patten, déi grouss Krallen hunn. An dëse Bai, déi mateneen duerch Gäng verbonne sinn, sinn eng Schlofkummer an e puer Kummere fir Fudderreserven. De lassene Buedem gëtt aus dem Bau transportéiert an opgekéipt. Als Fudder sammele se Friichten, Kären a Knollen.

Si verloossen hire Bau prakresch nëmmen nuets, a wa se gestéiert ginn da gi se e schaarfen hellen Toun vu sech.

D'Bandikurate gehéieren a Südostasien zu de geféierlechsten a schiedlechste Knabberdéieren.

Zwou Aarte sinn Iwwerdréier vu Krankheeten:

  • Déi eigentlech Bandikurat (Bandicota indica) iwwerdréit d'Leptospiros.
  • D'Indesch Pescht- oder Maulefsrat (Bandicota bengalensis) ass andauernd vun der Pescht infizéiert.

Um Spaweck änneren