Balearesch Inselen
D'Balearesch Inselen (sp: Islas Baleares, cat.: Illes Balears), oder d'Balearen, sinn eng Inselgrupp, déi zu Spuenie gehéiert.
Balearesch Inselen | ||||
| ||||
Land | Spuenien | |||
Haaptstad | Palma de Mallorca | |||
Offiziell Sprooch(en) | Spuenesch a Katalounesch | |||
---|---|---|---|---|
Fläch | 4.992 km² | |||
Awunner | 1.124.744 2015) | |||
Bevëlkerungsdicht | 222,97 Aw. / km² | |||
Autonome Statut | 1. Mäerz 2007 | |||
Offizielle Feierdag | 1. Mäerz | |||
President | Francina Armengol (PSIB-PSOE) | |||
Lag vun de Balearen a Spuenien | ||||
Autonom Gemeinschafte vu Spuenien |
Geographie änneren
D'Balearesch Insele leien am westleche Mëttelmier. Et sinn der 151, dovu sinn der 4 bewunnt. D'Balearen hunn eng Fläch vu 4.992 km² wat 1,0 % vun der Fläch vu Spuenien ass. D'Haaptstad ass Palma de Mallorca.
Andeelungen änneren
Déi véier gréisst a bewunnt Insele vun de Baleare sinn: Mallorca, Menorca, Ibiza a Formentera.
Numm | Haaptstad | Provënz | Haaptstad |
---|---|---|---|
Balearesch Inselen | Palma de Mallorca | Balearesch Inselen | Palma de Mallorca |
Mallorca | |||
Menorca | |||
Ibiza | |||
Formentera |
Geschicht änneren
D'Balearesch Insele sinn zanter dem 1. Mäerz 1983 eng autonom Gemeinschaft.
Politik änneren
Zanter 2015 ass d'Francina Armengol (Partido Socialista de las Islas Baleares) Presidentin vun de Baleareschen Inselen.
D'parlamentaresch Vertriedung vun de Balearen huet am spuenesche Kongress 8 Sëtz, an am Senat der 7.
Demographie änneren
2015 gouf et 1.124.744 Awunner op de Balearen, dat sinn 2,3 % vun der spuenescher Populatioun.
Sport änneren
Zanter 1992 gëtt all Joer de Challenge de Mallorca als Optakt vun der Europäescher Vëlossaison do gefuer.
Kuckt och änneren
Um Spaweck änneren
Commons: Balearesch Inselen – Biller, Videoen oder Audiodateien |