Bakelit

éischte Konschtstoff

Bakelit ass en duroplastesche Konschtstoff deen op der Basis vu Phenolharz produzéiert gëtt, an deen 1905 vum belsche Cheemiker Leo Hendrik Baekeland entwéckelt an no him genannt gouf. Bakelit war den éischte Konschtstoff, deen industriell produzéiert gouf.

Geschicht änneren

 
E Fön aus Bakelit, zirka 1958

Um Ufank vum 20. Joerhonnert huet de Baekeland mat Phenol a Formaldehyd experimentéiert. Hien huet erausfonnt, datt se duerch eng exotherm Reaktioun zu engem Konschthaarz polymeriséieren. Nodeem een d'Waasser ewechgeholl huet, kann een déi mëll a waarm Matière a Forme pressen an duerch Hëtzt den Drock méi héich maachen. 1907 gouf et e Patent fir dee Procedé[1].

De 5. Februar 1909 huet de Baekeland seng Entdeckung am New Yorker Club vun de Cheemiker ënner dem Numm "Bakelit" presentéiert.[2] Ee Joer drop huet hien de 25. Mee 1910 zesumme mam Julius Rütgers d'Bakelite GmbH zu Erkner bei Berlin gegrënnt. Phenol war deemools als Offallprodukt vun der Steekuelendestillatioun einfach ze kréien an de Bakelit konnt a grousse Quantitéite produzéiert ginn.

Nom Zweete Weltkrich gouf de Sëtz vun der Firma op Iserlohn-Letmathe verluecht. 1957 gouf mat der Phenolharz-Produktiun zu Duisburg-Meiderich ugefaangen, wou zanter 1959 och Epoxidharzer produzéiert ginn. 1976 koum d'Fabréck Frielendorf bei Kassel (déi virdrun zu Hoechst gehéiert huet) dobäi. Um Enn vun den 1980er Joren huet d'Bakelite AG ugefaangen, Gesellschaften am europäeschen Ausland opzekaffen. Enn Abrëll 2005 gouf d'Bakelite AG vu Borden Chemical Inc. mat Sëtz am Ohio kaf, déi d'Branche Resolution Performance Products LLC a Resolution Specialty Materials LLC zu der Hexion Specialty Chemicals Inc. fusionéiert huet.

Produktioun änneren

D'Polykondensatioun fänkt mat follgender Reaktioun un:

 
1: Phenol 2: Formaldehyd 3: Salzsaier 4: Dimer

D'Dimer (4) kann dann op en Neits ënner dem Afloss vu Salzsaier mat Phenol a Formaldehyd reagéieren. Sou entsteet en Trimer. Duerch vill weider där Kondensatiounsreaktionen entsteet dann um Enn Bakelit, e Makromoleküll.

 
Ausschnëtt aus der dräidimensonialer Struktur vum Bakelit. Et gesäit een déi sëllege Queeschvernetzungen.

Proprietéiten änneren

Wann de Konschtstoff bis ofgekillt an ausgehäert ass, ass e resistent géint mechanesch Awierkungen, Hëtzt a Saieren. Anescht wéi Thermoplaste kann een de Bakelit net méi nei verformen, wann een en nees wiermt. Bakelit huet eng donkel, brong bis schwaarz Faarf. Dacks ginn Holzmiel, Gestengsmiel oder Textilfaseren an d'Mass gemëscht. Bakelit ass zimmlech sprack - Sachen aus deem Material kënne baschte wa s'op de Buedem falen.

Bakelit huet eng laang Liewenszäit. E Baustéck aus Bakelit aus dem Zweete Weltkrich, dat am Mier am Dreckstrëndel am Pazifik geschwommen ass, gouf 60 Joer drop an engem Albatros fonnt, deen et ofgeschléckt hat.[3]

Gebrauch änneren

 
Bakelittelefon vun Eriksson (1931)
 
E Volksempfänger-Radio mat engem Boîtier aus Bakelit
 
Beolit 39 (1938) vu Bang & Olufsen, ganz aus Bakelit

Wéi d'Patent 1927 ausgelaf ass, huet d'Produktioun vu Bakelit sech séier verbreet – an den 1930er Jore gouf et eleng an Däitschland honnert Produzente vu Phenolharzpressmassen an Artikelen doraus.

Bakelit gouf a gëtt gebraucht fir Haushalts- und Kichegéigestänn (z. B. Grëffer fir Panen a Kachdëppen), Telefoner, Dekoratiouns-Objeten, Bijouen, Waffen (Beschléi), Bürosartikeln, Gehais vu Liichtschalteren a Steckdousen, a generell als Isolatiounsmaterial.

Literatur änneren

  • L. H. Baekeland: Bakelit, ein neues synthetisches Harz. In: Chemiker Zeitung 35, Nr. 33, 1909, S. 317–318.
  • Dietrich Braun, Gerd Collin: 100 Jahre Bakelit. In: Chemie in unserer Zeit Bd. 44, Nr. 3, 2010 ISSN 0009-2851, S. 190-197.

Um Spaweck änneren

Commons: Bakelit – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Römpp CD 2006. Georg Thieme Verlag, 2006.
  2. Irene Meichsner: Aufbruch ins Kunststoffzeitalter. In: Kalenderblatt. Deutschlandfunk 5. Februar 2009.
  3. "Oceans of Waste",seattletimes.com, 2006-04-23.