De Bahá'u'lláh, wat op Arabesch Herrlechkeet vu Gott heescht, ass d'Zentralgestalt vun der Bahá'í Relioun. Seng Unhänger gesinn an him en Erneierer vun der éiweger Relioun vu Gott. Nodeem de Bahá'u'lláh am Joer 1863 seng vum Islam onofhängeg nei Relioun ëffentlech verkënnegt hat, gouf hien op Akka bei Haifa (haut Israel) verbannt, wou hie bis zu sengem Doud am Joer 1892 gelieft huet.

Schräi vum Bahá'u'lláh

Säi Liewen

De Bahá'u'lláh gouf den 12. November 1817 als Mírzá Husayn-'Alí (Persesch: میرزا حسینعلی) a Persien gebuer. Hie staamt aus enger adleger Famill, déi bis op déi grouss alpersesch Dynastien zeréckgeet. Schonn a jonke Joren huet e sech enger messianescher Beweegung am deemolge Persien ugeschloss, enger Beweegung, déi 1844 vun engem jonke Mann mam Numm Báb, wat op arabesch eng Dier heescht, ugefouert gouf, an déi d'Komme vun engem neien Zäitalter erwaart huet. Déi Erneierungsbeweegung an der deemoleger islamescher Welt war vergläichbar mat den Templer an den Adventisten am Westen, déi zur gläicher Zäit d'Zeréckkomme vu Christus erwaart hunn.

Haut gëtt et iwwer 6 Millioune Mënschen aus ënnerschiddlechster reliéiser, ethnescher, sozialer a kultureller Hierkonft, déi sech, an der Bahá'i-Relioun, zum Bahá'u'lláh bekennen.

Seng Léier

A senge Schrëfte verkënnegt de Bahá'u'lláh de Message vun engem Zäitalter wou d'Maturitéit vun der ganzer Mënschheet ufänkt an en dauerhafte, weltwäite Fridden. Zu den hellege Schrëfte gehéieren och d'Wieder vum 'Abdu'l-Bahá, dem Jong vu Bahá'u'lláh. Hie war dozou autoriséiert, d'Léiere vu sengem Papp z'erklären an ze beschreiwen. Des Weidere gehéieren och d'Schrëfte vum Báb, dem Virleefer vum Bahá'u'lláh, zu den hellege Schrëften.

Auszich aus senge Schrëften

Kengem Mënsch ass et méiglech, d'Küste vun den Ozeaner vum richtegen Erkennen z'erreechen, ier hie sech net fräi gemaach huet vun allem wat am Himmel an op der Äerd ass. Seng Noriicht: Eenheet an der Villfalt.

De Bahá'u'lláh verkënnegt, datt all Relioun d'Mënschheetsentwécklung ëm en néidege Schrëtt weiderféiere géif. D'Mënschheet misst haut – bei aller Verschiddenheet vun Natioun, Relioun, ethnescher oder sozialer Hierkonft – zu engem Organismus zesummewuessen, wa se iwwerliewe wéilt. Eenheet an der Villfalt ass déi geeschteg Richtung déi mir huele missten. Ënnerscheeder vun de Vëlker an de Kulture sollten als Räichtum bäibehale ginn. Eenheet heescht an deem Sënn, datt mir an alle wichtegen Ugeleeënheeten eng gemeinsam Siicht an Handlungsweis entwéckele sollten.

De Bahá'u'lláh léiert

  • d'Eenheet vu Gott: Et géif nëmmen ee Gott, dee sech der Mënschheet, am Verlaf vun der Geschicht ënner verschiddenen Nimm offenbart hätt.
  • d'Eenheet vun de Reliounen: Well et jo nëmmen ee Gott géif, kéint et keng wierklech trennend Ënnerscheeder tëscht de verschiddene Relioune ginn. Den Haaptzweck vun der Relioun wier et, Léift an Eenegkeet ze fërderen. Deemno wier et besser, keng Relioun ze hunn, wéi eng, déi zu Mëssel a Sträit féiert. Relioun bräicht a gréisseren Zäitofschnëtter eng Erneierung an dofir hätt Gott sech am Laf vun der Mënschheetsgeschicht ëmmer nees offenbaart.
  • d'Eenheet vun der Mënschheet: All d'Mënsche vun dëser Äerd géifen enger Famill ugehéieren. D'Verkënnegung vun dëser Léier, zesumme mat enger globaler Weltuerdnung, war zu Liefzäite vum Bahá'u'lláh total revolutionär an net vill Mënschen hunn dat begraff. Virgesi waren do scho Steierungsmechanisme fir d'Wirtschaft, d'Ressource vun der Äerd an d'Erhale vum Fridden.

De Bahá'u'lláh seet: D'Prophéite vu Gott sollten als Dokteren ugesi ginn an hir Aufgab soll et sinn, d'Wuelergi vun der Welt an hire Vëlker ze fërderen, fir datt si duerch de Geescht vun der Eenheet d'Krankheet vun enger gespléckter Mënschheet heele kënnen.

Geeschteg Entwécklung

De Schlëssel zum wierkleche Liewe léich an eiser geeschteger Natur an an der Onstieflechkeet vun der Séil. An dësem Liewe schaffe mir un dëse geeschtegen Eegenschafte, wéi z. B. Léift, Wourecht, Demut, Eenegkeet, Gerechtegkeet a Gott erkennen. Si all ginn eis Liicht a Féierung fir eis Entwécklung. D'Weiderliewe vun der Séil nom Doud heescht datt d'Séil sech an Etappe weiderentwéckelt, an datt si duerch déi verschidde geeschteg Welte Gott méi no kënnt; e Prozess vun deem keen ausgeschloss ass.

Mir liewen an enger Zäit wou de Fortschrëtt vun der Technik an der Kommunikatioun sech ëmmer méi séier weiderentwéckelt. Dobäi kënnt déi geeschteg-spirituell Entwécklung ze kuerz. An awer si vill Mënschen op der Sich no engem méi déiwe Sënn an hirem Liewen. De Bahá'u'lláh hätt gär datt mir selbstänneg no der Wourecht fuerschen an eis fräi maache vu blanner Imitatioun oder reliéise Virurteeler.

D'Wuert vu Gott, datt mir an de Schrëfte vum Bahá'u'lláh fannen hëlleft eis zu ëmmer nees méi déiwen Asiichten an de Sënn vum Liewen. Et ass eng geeschteg Kraaftquell, déi jiddwerengem op steet a wou ee sech nei Welte vu Verstoen an Handelen opmaache kann. Sech ëmmer nees beméien, seng Virurteeler bei Aneren z'erkennen, a bei anere Mënschen op dat Gutt a Positiivt kucken, gehéiert zum praktesche Wee vun eiser Vergeeschtegung. Gott huet de Mënsch erschaf als Ausdrock vun der Léift fir Seng Schëpfung. Hien z'erkennen a gär ze hunn ass dem Mënsch säin héchst Zil. Wierklech Mënsch si bedeit, datt d'Léift fir Gott an den Déngscht un der Mënschheet ëmmer méi zum Mëttelpunkt vun eisem Liewe gëtt.

„Betruecht de Mënsch als e Biergwierk, räich un Edelsteng vun onschätzbarem Wäert. Nëmmen d'Erzéiung bréngt et fäerdeg dës Edelsteng an Diamanten am Mënsch ze fannen an z'entdecken, sou datt och déi ganz Mënschheet domat eppes kann ufänken.“

Glawen a Vernonft

Der Relioun blann vertrauen ass geneesou geféierlech wéi der Wëssenschaft blann vertrauen. Wierklech Relioun ass eng Luucht fir d'Wëssenschaft a gëtt hir déi néideg eethesch Repèren. Dat spillt eng wichteg Roll an enger Welt an där d'Versuchung grouss ass, alles wëssenschaftlech an technesch Machbares an d'Realitéit ëmzesetzen.

No de Léiere vum Bahá'u'lláh ass wierklech Relioun duerchaus eens mat der Vernonft an der Wëssenschaft. Mir fannen de Schlëssel dofir, wa mir bereet sinn, bestëmmt Aussoe vun den hellege Schrëften net wuertwiertlech ze huelen, mä si symbolesch ze deiten. Begrëffer wéi Paradäis, Häll, Erëmkommen, dat jéngst Geriicht, Operstéiung an anerer gehéieren enger Billersprooch un, déi fréier ganz dacks benotzt goufen, fir geeschteg Wourechte verständlech ze maachen. De Gottesbegrëff vun der Bahá'í Relioun seet datt Gott d'Welt erschaf huet, déi weeder en Ufank nach en Enn huet. D'Bahá'ís gleewen och un d'Evolutioun, déi awer net engem blannen Zoufall no besteet, mä um Wee ass no engem méi héijen Zil. Gott ass jenseits vun der erschafener Welt a sengem Wiese no fir eis net erkennbar. Mä mir kënnen awer an eisem Liewe eng ënnerlech Gewëssheet kréien, datt et Gott gëtt. Dës Gewëssheet an eist Beméien dat wat mir maachen duerno ze riichten, ass wierkleche Glawen.

„Relioun a Wëssenschaft sinn déi zwéi Flilleken op deene sech d'mënschlech Geeschteskraaft an d'Luucht erhiewe kann a mat deenen d'mënschlech Séil Fortschrëtter maache kann. Mat engem Flillek eleng kann een onméiglech fléien. Wann ee probéiere wéilt, nëmme mam Flillek vun der Relioun ze fléien, da géif ee séier an de Bulli vum Awerglawe falen; an anerersäits géif ee mam Flillek vun der Wëssenschaft eleng och net weiderkommen, mä an den hoffnungslose Sumpf vum Materialissem falen“. Abdu'l-Baha

Bieden a Meditéieren

D'Gebiet ass eng Leeder zu Gott. An den hellege Schrëfte vun der Bahá'í Relioun fënnt een eng räich Auswiel vu Gebieder zu verschiddene Geleeënheeten an Uläss. Am Gebiet dréine mer eis zu Gott oder sengem Offenbarer a biede fir geeschteg Kraaft a Féierung fir eis selwer, aner Mënschen oder d'ganz Mënschheet.

Bieden a Meditéiere sinn eis geeschteg Nahrung op déi mer net verzichte kënnen. Geneesou ass d'Soe vun engem deegleche Gebiet eent vun de Geboter vu Bahá'u'lláh. Vun dësen dräi verschiddene Gebieder kann eent gewielt ginn. Eent dovun ass dat hei:

Ech bezeien o mäi Gott, datt du mech erschaf hues, fir Dech z'erkennen an Dech unzebieden. Ech bezeien an dësem Abléck meng Schwächt an Deng Muecht, meng Aarmut an Däi Räichtum. Et gëtt keen anere Gott ausser dir, deen deen hëlleft a Gefor, deen deen duerch sech selwer ass.

Am Gléck gëff mat an am Ongléck sief dankbar. Sief d'Vertraue vun dengem Noper wäert, a kuck op hie mat hellen a frëndlechen Aen. Sief e Schaz fir den Aarmen, eng Äntwert op deen deen no Hëllef jäizt an hal däi Verspriechen helleg. Sief gerecht an dengem Urteel a gëff Uecht wann s du schwätz. Sief ongerecht zu kengem Mënsch, a géi mat jiddwerengem duuss ëm. Sief wéi eng Luucht fir déi, déi an der Däischtert ginn, eng Freed fir deen dee Misär huet, e Mier fir den Duuschteregen, e Beschützer fir dee Bedrängten, eng Stäip an e Verdeedeger fir d'Affer vun Ënnerdréckung. Datt alles dat, wat s du méchs, sech duerch Integritéit an Oprichtegkeet auszeechent. Sief en Heem fir de Friemen, e Balsam fir deen dee leid, dem Flüchtling e staarken Tuerm. Sief d'Ae fir de Blannen an eng Luucht déi féiert fir deen deen de Wee net weess. Sief e Bijou vun der Wourecht, eng Kroun fir d'Stir vun der Trei, e Pillier vum Tempel vun der Rechtschafenheet, e Liewenshauch fir de Kierper vun der Mënschheet, ..., en Himmelsliicht um Horizont vun der Dugend, den Da fir de Buedem vum mënschlechen Häerz, eng Arch um Mier vun der Erkenntnes, eng Sonn am Himmel vun der Guttheet, e Steen am Diadem vun der Wäisheet, e stralend Liicht um Firmament vun déngen Zäitgenossen an eng Fruucht um Bam vun der Bescheidenheet.

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Bahá'u'lláh – Biller, Videoen oder Audiodateien