Baastenduerf

lëtzebuergesch Uertschaft, Chef-lieu vun der Gemeng Tandel

Baastenduerf ass eng Uertschaft an der Gemeng Tandel.

Baastenduerf
Haaptstrooss zu Baastenduerf (2014)
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Bastendorf
de: Bastendorf
Land Lëtzebuerg
Kanton Veianen
Gemeng Tandel
Buergermeeschter Carole Gils
Awunner 602
  1. Januar 2021; 1. Januar 2022; 1. Januar 2023
Fläch 971,1007 ha[1]
Héicht 226 m
Koordinaten 49° 53’ 27’’ N
      06° 09’ 49’’ O

Hydrographie änneren

Duerch Baastenduerf leeft d'Blees.

Geschicht änneren

Am Liber Aureus vun der Abtei Iechternach steet, datt 806 d'Irmingard dem Klouschter vun Iechternach hir Gidder vu Baastenduerf, op der Blinsa (Blees) geschenkt huet.

De 17. Februar 1800 gouf Baastenduerf an de Conseil Municipal de Diekirch integréiert, an deem niewent der Stad Dikrech och nach d'Uertschaften Baastenduerf, Tandel, Bleesmillen, Ierpeldeng, Gilsdref an Angelduerf waren.[2]

Den 18. Mäerz 1824 koume Baastenduerf, Tandel a Gilsdref an d'Gemeng Bettenduerf.[2]

1828 gouf d'Gemeng Baastenduerf gegrënnt an huet aus den Uertschaften Bleesmillen aus der Gemeng Bettenduerf, de Sektioune Branebuerg, Këppenhaff an Tandel, déi vu Furen ofgespléckt goufen a Laaschent dat vun der Gemeng Stolzebuerg ofgezwackt gouf, bestanen.[3]

Bei der Fusioun vun der Gemeng Baastenduerf mat der Gemeng Furen den 1. Januar 2006 koum Baastenduerf an déi nei Gemeng Tandel.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Baastenduerf – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. D'Donnéeën déi d'Fläch vun enger Gemeng oder enger Uertschaft betreffen, sou wéi s'an dësem Artikel stinn entspriechen deenen aus der Datebank vum Kadaster um Stand vum 25. September 2009.
  2. 2,0 2,1 Die Geschichten der Gemeinden - Bastendorf am Buch 5 vun 'Die Gemeinden Bastendirf Fouhren Tandel' op der Säit 373, Editeur:Commune de Tandel ISBN 978-2-9199596-5-5
  3. Dictionnaire géographique du Luxembourg Säit 217