BB 9200
Nummeréierung: 9201 - 9292
Stéckzuel: 92
Constructeur: CEM, JS um Creusot
Baujoren: 1957 - 1964
Ausmusterung: Nach a Betrib
Achsformel: Bo'Bo'
Déngschtmass: 82,8 Tonnen
Längt iwwer Puffer: 16.200 mm
Héicht: 4.191 mm
Maximal Achselaascht 20,7 Tonnen
Héchstvitesse: 160 km/h
Stroumsystemer: 1,5 kV Gläichstroum
Leeschtung: 3.850 kW

D'BB 9200 sinn eng Serie vu Lokomotive vun der SNCF déi Enn vun den 1950er Jore kaaft goufe fir op de groussen Achse vum Gläichstroumreseau a Richtung Südfrankräich agesat ze ginn. Si waren als Kompromëss geduecht, well se bei méiglechst niddregem Gewiicht déi nämmlecht Leeschtung bruecht hu wéi déi al Midi-Lokomotiven.

Fënnef Maschinne goufen an den 1967er fir Vitess bis 200 km/h ausgebaut. Et waren dat d'9278, 9281, 9282 an 9288, déi mam Capitole tëscht Paräis an Toulouse gefuer sinn. Déi Asätz waren awer schonn 1969 eriwwer wéi d'SNCF d'CC 6500 kaaft huet, déi bei méi grousser Leeschtung och besser mat deenen 200 km/h eens gi sinn.

Si solle bis 2012 all ausser Déngscht gestallt ginn.

Si gehéieren zu de Jacquemin Lokomotiven.

Um Spaweck änneren

Commons: SNCF Class BB 9200 – Biller, Videoen oder Audiodateien