Avioth

franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Meuse
Dëse Geographiesartikel iwwer Frankräich ass eréischt eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Avioth ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Meuse.

Avioth
Vue op d'Basilika vun Avioth

Vue op d'Basilika vun Avioth
Vue op d'Basilika vun Avioth
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Meuse
Arrondissement Verdun
Kanton Montmédy
Postcode 55600
Gemengecode 55022
Koordinaten 49° 33’ 59’’ N
      05° 23’ 28’’ O
Fläch  640 ha
Bevëlkerung  115 (1999)

D'Dierfchen Avioth, net wäit vun der Abtei vun Orval, huet fréier zur Grofschaft Chiny gehéiert, déi selwer 1364 eng "Annexe" vum Herzogtum Lëtzebuerg gi war. 1659 ass Avioth, wéi déi ganz Géigend rondrëm mat Montmédy a Carignan, duerch den Traité vun de Pyrenäen u Frankräich komm.

Avioth huet eng aussergewéinlech schéi gotesch Basilika, déi an der Haaptsaach aus dem 13. a 14. Joerhonnert staamt.

Avioth war an ass eng wichteg Pilgeruertschaft (ë. a. de 16. Juli).

Fir d'Drénkwaasser gëtt Avioth vun der belscher Nopeschgemeng Meix-devant-Virton beliwwert, an zwar aus de gefaasste Quelle bei Robelmont.[1]

Literatur änneren

  • Armand Durlewanger, Notre-Dame d'Avioth ; Colmar-Ingersheim (Drock: S.A.E.P.), 1979; 24 Säiten, ill. (Fotoen an Zeechnungen).

Geographesches änneren

Avioth ass eng 60 Stroossekilometer vun der Stad Lëtzebuerg ewech.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Avioth – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Deux villages français alimentés en eau depuis le Luxembourg