Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Avion Express ass eng litauesch Charterfluchgesellschaft mat Sëtz zu Vilnius. D'Firma gehéiert zur Avia Solutions Group, enger globaler Aerospace Business Group[1].

En Airbus A320 vun Avion Express

Geschicht änneren

Avion Express gouf 2005 ënner dem Numm Nordic Solutions Air Services gegrënnt. Deemools huet d'Airline véier Fracht- a Passagéierfligere Saab 340 bedriwwen.[2] 2008 gouf d'Firma an Avion Express ëmbenannt. Am Joer 2010 gouf Avion Express vun der franséischer Investitiounsfirma Eyjafjoll SAS opkaf, déi vun de Schwäizer Avion Capital Partners zesumme mat aneren Investisseure gegrënnt gouf.

Avion Express huet säin éischten Airbus A320 am Joer 2011 a Betrib geholl, den éischten Airbus-Fliger a Litauen. Am Dezember 2011 koumen zwéi weider Airbus A320 bei d'Flott derbäi. 2013 huet Avion Express den IOSA Operatiounssécherheetsaudit erfollegräich ofgeschloss a krut eng IATA Aschreiwung als Resultat. Déi lescht Saab 340 goufen am Mäerz 2013 liquidéiert. Am Summer 2014 huet d'Fluchgesellschaft eng Flott vun 9 Airbus A320 an 2 Airbus A319 bedriwwen. Am selwechte Joer huet Avion Express d'Duechtergesellschaft Dominican Wings gegrënnt, eng Bëlleg-Fluchgesellschaft mat Sëtz zu Santo Domingo. Am Summer 2017 huet Avion Express den Airbus A321 an d'Flott vun der Firma agefouert.

Am Juni 2017 huet Avion Express ugekënnegt datt et 65 % vu sengen Aktien an den Dominican Wings un de President vun der Firma, Victor Pacheco, verkaf huet.[3]

2019 huet Avion Express, Avion Express Malta gegrënnt, eng Duechtergesellschaft mat Sëtz op Malta.

Zanter Juni 2023 bedreift d'Grupp 36 Airbus A320, an dräi A321.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. „Avion Express“ restruktūrizavimo planas sulaukė teismo patvirtinimo
  2. Avion Express retires its third and final Saab 340(F) freighter
  3. „Avion Express“ tolimesnę perspektyvą sieja su Malta