Ave verum corpus (Mozart)

Motett vum Mozart

Ave verum corpus ass eng Motett fir 4 Gesankstëmmen, zwou Geien, Braatsch, Bass an Uergel vum Mozart.

Fir e puer Gefällegkeeten, déi de Schoulmeeschter a Chouerdirgent Anton Stoll vu Baden dem Mozart gemaach hat, huet dee sech mat engem klenge Musekstéck revanchéiert. Fir d'Erläichendagspressessioun de 17. Juni 1791 huet de Mozart, dee manner wéi en halleft Joer vu sengem Doud ewech war, eng Motett op e laténgeschen Text geschriwwen, deen aus dem 14. Joerhonnert aus dem Klouschter vu Reichenau staamt. Dëst Stéck, dat manner wéi véier Minutten dauert, sollt mam Requiem dem Mozart säi bekanntst Stéck vu geeschtlecher Musek ginn.

Den Text änneren

Ave verum Corpus natum
De Maria Virgine:
Vere passum, immolatum
In cruce pro homine.
Cujus latus perforatum
Unda fluxit et sanguine:
Esto nobis praegustatum
In mortis examine.

Um Spaweck änneren