Den Auxerrois eigentlech Pinot Auxerrois[1] ass eng Wäisswäin Riefzort, déi haaptsächlech an de Wéngerte vun der Lëtzebuerger an däitscher Musel an am Elsass ugebaut gëtt.

Auxerrois

Den Numm staamt warscheinlech aus der franséischer Grofschaft Auxerre, aus där hirer Ëmgéigend se kënnt.

D'Auxerrois-Rief gehéiert zur Grupp vun de Burgunder an ass eng natierlech Kräizung tëscht Pinot a Gouais Blanc (Weisser Heunisch).

D'Verbreedung vun der Riefzort ass mat der Verdreiwung vun den Hugenotten aus Frankräich verbonnen. D'verdriwwe Wënzer hunn d'Rief matgeholl a si an hiren neien Heemechten ugeplanzt.

Et fënnt ee se haut op der lëtzebuergescher Musel an am franséischen Elsass (1.500 ha). An Däitschland gëtt si dacks op der saarlännescher Uewermusel an de Wäibaugebidder Nennig, Perl, Oberperl a Sehndorf, souwéi am Palzem (Rheinland-Pfalz) ugeplanzt. An der Pfalz (2004 = 38 ha) fanne mer d'Zort ë. a. a Schweigen-Rechtenbach. A Baden gëtt déi Zort haaptsächlech am Kraichgau an am Markgräflerland ugebaut; déi ganz Fläch am Wäibaugebitt huet 2004 am Ganze 56 ha ausgemaach.

Déi weltwäit Verbreedung vun der Zort däerft bei ongeféier 2300 Hektar bestackter Rieffläch leien (Stand 1999).

De Wäin aus dëser meefraschtempfindlecher Drauf erënnert u Wäissburgunder, allerdéngs mat wéineg Saier, meescht ënner 7 0/00. D'Uspréch un déi Lag si mëttel bis héich.

A Frankräich si fir d'Produktioun vu Qualitätswäiner d'Klone 56 a 57 zougelooss.

Am südwestfranséischen Ubaugebitt Cahors gëtt och déi rout Riefzort Malbec Auxerrois genannt.

Opgrond vu geneeteschen Analyse vun 322 Riefzorten huet sech erausgestallt, datt d'Zorten Aligoté, Aubin Vert, Auxerrois, Bachet Noir, Beaunoir, Chardonnay, Dameron Franc Noir de la Haute Saône (oder och kuerz Dameron), Gamay Blanc Gloriod, Gamay, Knipperlé, Melon de Bourgogne, Peurion, Romorantin, Roublot und Sacy all aus spontane Kräizungen tëscht Pinot a Gouais Blanc entstane sinn. Well déi geneetesch Differenzen tëscht Pinot blanc, Pinot gris a Pinot noir ganz kleng sinn, läit eng genee Spezifizéierung vum Pinot-Typ nach net vir.

Synonymmer: Auxerrois de Laquenexy oder Auxerrois Blanc de Laquenexy, Blanc de Kienzheim, Pinot Auxerrois.

Ofstamung: Pinot x Gouais Blanc.

Lëtzebuerg änneren

Op der Lëtzebuerger Musel gouf 2011 den Auxerrois op enger Fläch vun 185,77 ha ugebaut.[2]

Literatur änneren

  • Galet, Pierre: Dictionnaire encyclopédique des cépages Hachette Livre, 1. Oplo 2000 ISBN 2-0123633-18

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. cf. Larousse du Vin, Säit 350 iwwer de Wéngert zu Lëtzebuerg
  2. Donnéeë vum Institut viti-vinicole 2011 (Link op pdf-Dokument)