E Autoscric ass en Hiefgeschier, fir en Auto op enger bestëmmeter Plaz liicht an d'Luucht ze hiewen, fir sou kënne Reparaturen oder Ënnerhalt vu Plazen ze maachen, un déi ee soss schwéier kéim.

Am Dackste gëtt e Cric gebraucht, fir e Rad ze wiesselen, sief et, well een e Platten huet, sief et, fir Rieder mat Summerpneuen a Wanterpneuen ënnereneen ze tauschen.

Et gëtt verschidden Techniken, wéi e Cric funktionéiert; e kann hydraulesch, pneumatesch oder mechanesch sinn. Am Gängesten ass déi, bei där mat enger Kierb duerch Hiewelwierkung e rautefërmegen oder hallefrautefërmege Kader, duerch deen eng Gewënnstaang féiert, zesummegezunn gëtt, a sou de Won no uewe gedréckt gëtt.

Kuckt och änneren