Autonoe (Mound)

Jupitermound


Den Autonoe (oder Jupiter XXVIII) ass ee vun de klenge baussenzege Mounde vum Planéit Jupiter.

Autonoe
(Jupiter XXVIII)
Provisoresch oder
systematesch
Bezeechung
S/2001 J 1
Zentralkierper Jupiter
Eegenschafte vum Orbit
Grouss Hallefachs 23.039.000 km
Periapsis 15.344.000 km
Apoapsis 30.734.000 km
Exzentrizitéit 0,334
Ëmlafzäit 762,70 Deeg
Ëmlafvitess 2,20 km/s
Inklinatioun 152,9°
Physikalesch Donnéeën
Mëttleren Duerchmiesser 4 km
Albedo 0,04
Visuell Magnitude (mag) 22,0
Entdeckung
Entdecker IFA Hawaii
Entdeckungsdatum 10. Dezember 2001

Entdeckung änneren

Den Autonoe gouf den 10. Dezember 2001 vun Astronome vum astronomeschen Institut vun der Universitéit vun Hawaii entdeckt. Déi virleefeg Bezeechnung vum Mound war S/2001 J 1.

De Mound gouf no der Autonoe, enger Schwëster vun der Semele, aus der griichescher Mythologie genannt.

Bunndaten änneren

Den Autonoe kreest op enger mëttlerer Distanz vun 23.039.000 km a 762 Deeg a 17 Stonnen ëm de Jupiter. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,334. Mat enger Schréi vun 152,9° ass d'Bunn retrograd, d. h., de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter ëm de Planéit.

Wéinst senge Bunneegenschafte gëtt de Mound Autonoe bei Pasiphae-Grupp, genannt nom Jupitermound Pasiphae, gerechent.

Physikalesch Daten änneren

Den Duerchmiesser vum Mound Autonoe huet an der Moyenne 4 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. Hien ass warscheinlech haaptsächlech aus Silikatgestengs opgebaut. Den Autonoe huet eng ganz däischter Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,04, d. h., nëmme 4 % vum agestraalte Sonneliicht gi reflektéiert. D'visuell Magnitude ass 22,0m.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren