Automatic Terminal Information Service

Den Automatic Terminal Information Service (ATIS) diffuséiert automatesch Informatiounen iwwer e Fluchhafen (z. B. Meteo). Déi Informatioune mussen all d'Piloten, déi op engem Fluchhafe lande wëllen, oflauschteren.

Beispill änneren

Message Explikatioun
Luxembourg ATIS Arrival Information Bravo at 1 8 2 0
  • Et ass de Message vum Fluchhafe Lëtzebuerg
  • fir de Message z'indentifizéiere gëtt d'Fligeralphabet benotzt (Bravo=B.)
  • Fir d'lescht aktualiséiert um 18:20 UTC
Runway in use: 2 4 D'Pist déi benotzt gëtt ass d'24 (240°)
Transition level 5 0 Ënner FL 50 gëtt d'Héicht mam reelle Loftdrock erausfonnt (hei z B. 1036 Hectopascal)

Iwwer 4.000 Fouss gëtt de standardsméissege Loftdrock 1013 Hectopascal benotzt.

Wind: Runway 24 touch-down point: 250°, 6 knots De Wand kënnt um Opsetzpunkt vun der Pist 24 vun 250° mat 6 Kniet.
Visibility: 6 Kilometers D'Visibilitéit läit bei 6 Kilometer
No significant cloud Keng Wolleken
Temperature: 1 Temperatur 1° Celsius.
Dew point: 0 Dapunkt bei 0° Celsius.
QNH 1 0 3 6 hPa Loftdrock: 1.036 Hectopascal, gëtt benotzt fir d'Héicht vum Fliger erauszefannen.
Trend: No significant Changes Keng gréisser Ännerunge virgesinn
You have received Information Bravo Enn vum Message