Eng Autobunn ass eng Strooss, déi konzipéiert ass fir motoriséiert Gefierer iwwer enger gewësser Minimalvitess. Se besteet aus op d'mannst zwou Bunnen an all Richtung. Dës sinn duerch eng Mëttelsträif (déi dacks duerch eng Leitplank oder eng sougenannt Kalifornesch Mauer verstäerkt ass), getrennt, an et gëtt keng Kräizungen op engem Niveau. Meeschtens hunn Autobunnen zousätzlech eng Stand- oder Pannespuer oder -sträif.

En Autobunnskräiz

Déi éischt Autobunn zu Lëtzebuerg war d'Strooss tëscht der Rouder Bréck an dem Fluchhafe Lëtzebuerg um Findel, den haitege Boulevard Kennedy um Kierchbierg, deen zanterhier nees zeréckgebaut gouf. Dat zweet Deelstéck, an dat éischt dat haut nach als Autobunn benotzt gëtt, war d'Streck tëscht Esch-Uelzecht a Steebrécken, Deel vun der spéiderer Autobunn A4.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Autobunnen – Biller, Videoen oder Audiodateien