Eng Autobomm ass Sprengstoff deen an en Auto oder en anert Gefier deponéiert gouf fir en dann ze detonéiren. Si gëtt gemenkerhand gebraucht als Muerdwaff, fir Terrorismus oder Guerillakrich, a se soll entweeder d'Insasse vum Gefier oder Leit no bei der Detonatiounsplaz ëmbréngen, oder Gebaier oder aner Installatioune beschiedegen.

Autobomme si wéinst de Gefierer an deene se verstoppt si mobil a se kënnen aus relativ grousse Quantitéite Sprengstoff bestoen ouni datt se besonnesch Opmierksamkeet op sech zéie géifen. Si kënnen op eng jett Aart a Weisen aktivéiert ginn, z. B. duerch d'Opmaache vun der Autosdier, d'Umaache vum Motor, d'Drécke vum Gas- oder Bremspedal, oder duerch Fernzündung.