Austrasien

(Virugeleet vu(n) Austrien)

Austrasien (och Austrien) war den Numm vum ëstlechen Deel vum Frankeräich. Dee westleche gëtt Neustrien genannt. D'Karolenger kommen aus Austrasien.

Geschicht änneren

Austrasien (deemno Land am Osten) war zanter dem Doud vum Chlodwig I. am Joer 511 bis zum Pippin dem Jonken meeschtens e selbstännegt Kinnekräich mat Metz als Haaptstad. Den Territore huet déi fränkesch Gebidder ëm de Rhäin, d'Meuse an d'Musel ëmfaasst, mat ë. a. de Stied Metz, Reims, Köln an Tréier. Do derbäi koumen déi Territoirë vun de germanesche Stämm, déi eruewert gi waren: ënner dem éischten Deelkinnek Theuderich Alemannien, méi spéit och Thüringen a Bayern.

Wéi ënner de Karolenger am 8. Joerhonnert d'Räich vereenegt gouf, sinn d'Nimm "Austrasien" an "Neustrien" aus der Geschicht verschwonnen. Ënner den Nokomme vum Karel dem Groussen ass am 9. Joerhonnert d'Räich nei gedeelt ginn an dat, wat dann Däitschland a Frankräich gouf. Dës Andeelung war awer net deckungsgläich mat där vun Austasien an Neustrie virdrun.

Herzogen a Kinneke vun Austrasien änneren

Hausmeier vun Austrasien änneren

  • ??? – 548 Parthemius
  • ??? – ??? ???
  • 576 – 581 Gogo
  • 581 – ??? Wandalenus
  • ??? – ??? ???
  • 595 – ??? Protadus
  • ??? – 600 Claudius
  • 600 – ??? Gundulf
  • ??? – 612 Landerich
  • 612 – 613 Warnachar
  • 613 – 616 Rado
  • 616 – 623 Hugo Chulus
  • 623 – 629 Pippin I.
  • 629 – 639 Ansegisel
  • 639 – ??? Pippin I. (2. Kéier)
  • ??? – 642 Otto
  • 642 – 656 Grimoald den Eeleren
  • ??? – ??? ???
  • 662 – 675 Wulfoald
  • 675 – 675 Leudesius
  • 675 – 679 Wulfoald (2. Kéier)
  • 679 – 714 Pippin II. de Mëttelsten
  • ??? – ??? ???
  • 716 – 741 Karl Martell
  • 741 – 747 Karlmann
  • 747 – 751 Pippin III. de Jonken oder de Kuerzen

Am Joer 751 huet de Pippin sech zum Kinnek wiele gelooss an domat d'Functioun vum Hausmeier ofgeschaaft.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Maps of Austrasia – Biller, Videoen oder Audiodateien