Australopithecus bahrelghazali

Australopithecus bahrelghazali
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Mamendéieren
Uerdnung: Primaten
Famill: Mënschenafen
Gattung: Australopithecus
Aart: Australopithecus bahrelghazali
Wëssenschaftlechen Numm
Australopithecus bahrelghazali

Den Australopithecus bahrelghazali ass e Virmënsch deen am Tschad a virun 3,3 Millioune Joer gelieft huet. E gläicht vill dem Australopithecus afarensis. Bis elo gouf just den ënneschten Deel vun engem Gebéck fonnt.

1995 hu Mataarbechter vum franséische Paleoanthropolog Michel Brunet am Tschad Deeler vum Australopithecus bahrelghazali fonnt, an dat op d'mannst 2.500 Kilometer ewech vun aneren Entdeckungsplaze vun Australopithecusen.

Um Spaweck änneren

Commons: Australopithecus bahrelghazali – Biller, Videoen oder Audiodateien