Austin Bradford Hill

brittesche Medezin-Statistiker

Den Austin Bradford Hill, gebuer den 8. Juli 1897 zu London a gestuerwen den 18. Abrëll 1991, war e brittesche Medezin-Statistiker.

Austin Bradford Hill
Gebuer 8. Juli 1897
London
Gestuerwen 18. Abrëll 1991
Ulverston
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich, Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Sta­tis­ti­ker, Epidemiolog
Member vun Royal Society
Famill
Bestuet mat Florence Maud Salmon
Mamm Janet Alexander

Wéi den Hill op der Universitéit vu London Professer fir medezinesch Statistik war, huet hien d'Konzept vun de kontrolléiert medezineschen Testen an d'Medezin agefouert. Bei der Aféierung vun engem neie Medikament ass et am Beschten, fir zwou änlech Gruppen ze maachen, vun deenen déi eng dat Medikament kritt, an déi aner nëmmen e Plazebo (ouni Wierkstoffer). An de 50er Jore vum 20. Joerhonnert huet den Hill mam Sir Richard Doll duerch eng Laangzäitetude ënner britteschen Dokteren, fir d'éischt Kéier konnten noweisen, datt et en Zusummenhang gëtt tëscht dem Fëmmen an dem Longekriibs

Wierker änneren

  • Principles of Medical Statistics, London: The Lancet, 1937.
  • Medical Research Council (1948) Streptomycin in Tuberculosis Trials Committee. Streptomycin treatment of pulmonary tuberculosis, British Medical Journal, 2, S. 769-83.
  • Doll, Richard; Hill Austin Bradford: Smoking and carcinoma of the lung. Preliminary Report, British Medical Journal,1950, 2: S. 739-748.
  • Doll, Richard; Hill Austin Bradford: The mortality of doctors in relation to their smoking habits, British Medical Journal,1954, 228, S. 1451-5.