Auriga (Stärebild)

Stärebild
Date vum Stärebild Auriga
Lëtzebuergeschen Numm Fouermann
Laténgeschen Numm Auriga
Laténgesche Geenitiv Aurigae
Laténgesch Ofkierzung Aur
Positioun nërdleche
Fixstärhimmel
Rektaszensioun 4h 37m bis 7h 31m
Deklinatiun +56° 10´ bis +28° 00´
Fläch 657 Quadratgrad
Siichtbar op de Breetegraden 90° Nord bis 34° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
Wanter
Zuel vu Stäre mat
Gréisst < 3m
5
Hellste Stär,
Gréisst
α Aurigae (Capella),
0,08m
Meteorstréim Alpha-Aurigiden
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Camelopardalis
Perseus
Taurus
Gemini
Lynx

Den Auriga ass e Stärebild vum Nordhimmel.

Beschreiwung änneren

Den Auriga ass e grousst a liicht erkennbaart Stärebild. Et grenzt direkt ëstlech un den Taurus (Stéier) un. Zesumme mat dem Stär Elnath (β Tauri), deen zum Taurus gehéiert, mécht den Auriga en onreegelméissegt Sechseck. Den Haaptstär Capella ass opfälleg hell.

Den nërdlechen Deel vum Auriga ass op eise Breetegraden zirkumpolar, d. h., dat ganzt Joer iwwer ze gesinn. Et erreecht am Wanter seng héchst Positioun um Nuetshimmel.

Duerch den Auriga zitt sech dat stäreräicht Band vun der Mëllechstrooss, dofir sinn do vill interessant Objete wéi Stärekéip an Niwwelen ze gesinn.

Geschicht änneren

D'Stärebild war scho bei de Babylonier als Rukubi bekannt. De laténgeschen Numm Auriga bedeit souvill wéi Steiermann.

D'Réimer hunn d'Stärebild mat dem griichesche Kinnek Erichthonios, deen de véierspännege Won erfonnt huet, identifizéiert.

Den Auriga gehéiert zu den 48 Stärebiller aus der anticker griichescher Astronomie, déi vum Ptolemäus beschriwwe gouf.

 
Kaart vum Stärebild Auriga
 
Stéch vum Stärebild Auriga

Himmelsobjeten änneren

Stären änneren

B F Numm o. aner Bezeechnungen m M Lj Spektralklass
α 13 Capella, Alhajoth 0,08 -0,48 42 G5 III + G0 III
β 34 Menkalinan 1,9 -0,1 82 A2 V
θ 37 Bogardus 2,65 -0,98 173 A0p + G
ι 37 Hassaleh, Kabdhilinam, Al Kab 2,69 -3,29 510 K3 II
ε 7 Almaaz, Al Anz 2,9 bis 3,8 -5,9 bis –4,8 2000 F0 Ia
η 10 Haldus, Hoedus II, Haedus II 3,18 -0,96 219 B3 V
ζ 8 Azaleh, Hoedus I, Haedus I, Sadatoni, Saclateni 3,7 bis 4,0 -3,2 bis –2,5 790 K4 II + B8 V
δ 33 Prijipati 3,72 0,55 140 K0 III
ν 32 3,97 -0,13 215 K0 III
π 35 4,24 bis 4,34 840 M3 II
κ 44 4,32 169 G8 IIIb
τ 29 4,51 213 G8 III Fe-1
16 4,54
λ 15 4,69 41 G1 IV
χ 25 4,71 2000 B5 Iab
υ 31 4,72 475 M0 III
2 4,79
ψ2 50 4,80 433 K3 III
μ 11 4,82
63 4,91
ψ1 46 4,92
4 4,93
ξ 30 4,96
9 4,98
ψ7 58 4,99
14 5,01
σ 21 5,02
ψ4 55 5,04
19 5,05
φ 24 5,08
ρ 20 5,22
AE 5,78-6,08 1400 O9.5 V

Den α Aurigae ass mat enger visueller Magnitude vun 0,08m den hellste Stär am Auriga. Et handelt sech ëm e spektroskopeschen Duebelstäresystem op enger Distanz vun 42 Liichtjoer, a besteet aus zwéi Risestäre mat der Spektralklass G5 a mat der 70facher respektiv 90facher Liichtkraaft vun eiser Sonn. Déi zwéi Stären ëmkreese sech a sou engem enken Ofstand, datt si mat engem opteschen Teleskop net getrennt kënne ginn. Nëmmen Ënnersichunge vun hirem Spektrum weisen, datt et sech ëm zwéi Stären handelt.
Den Numm Capella ass laténgesch a bedeit “kleng Geess”. Den arabeschen Numm Alhajoth leet sech och vu „Geess“ of.

Méifachstären änneren

System m Ofstand
θ 2,7 / 7,2 / 9 3,0 / 45"
δ 3,72 / 9,7 / 9,7 115,4 / 197,1"
ω 4,9 / 7,8 5"
ν 4,0 / 9,5 54,6"
λ 4,69 / 13,4 29"
14 5,1 / 7,5 14,6"
26 5,4 / 8,0 12,4"
41 6,2 / 7,0 7,6"

Den θ Aurigae ass e Méifachstäresystem, bei deem sech dräi Stären ëm ee kollektive Schwéierpunkt beweegen. Fir all dräi Stären z'observéiere brauch een en Teleskop vun iwwer 8 cm Duerchmiesser.

Den ω Aurigae ass en Duebelstäresystem op enger Distanz vun 250 Liichtjoer, mat zwéi Stäre vun der Spektralklass A0 an F5 déi wäiss liichten.

Verännerlech Stären änneren

Stär m Period Typ
β 1,85 bis 1,93 47,5 Stonnen Bedeckungsverännerleche
ε 2,9 bis 3,8 9883 Deeg Bedeckungsverännerleche
ζ 3,7 bis 4,0 972,16 Deeg Bedeckungsverännerleche
π 4,24 bis 4,34 972,16 Deeg onreegelméisseg Verännerlechen
RT 5,0 bis 5,8 3,7281 Deeg Cepheid
AE 5,78 bis 6,08 onreegelméisseg Verännerlechen

Den zweethellste Stär, β Aurigae, ass 82 Liichtjoer ewech. Hien ass, wéi de Capella, e spektroskopeschen Duebelstär an doriwwer eraus e bedeckungsverännerleche Stär, d. h., zwéi Stäre vun ënnerscheedlecher Liichtkraaft ëmkreese sech. Wann déi donkel Komponent virun déi hell réckelt, hëlt d'visuell Magnitude of.

Den ε Aurigae ass e bedeckungsverännerlechen Algolstär op enger Distanz vu 4.000 Liichtjoer. Vun alle bekannte Bedeckungsverännerlechen huet hie mat ronn 27 Joer déi gréisst Period, woubäi d'Phas vum Hellegkeetsminimum ronn 18 Méint ass.

Den ζ Aurigae ass och e Bedeckungsverännerleche vum Typ Algol. D'System besteet aus engem rouden Iwwerris mat der Spektralklass K4, dee vun engem klenge blozege Begleetstär vun der Spektralklass B ëmkreest gëtt. D'System huet déi zweetlängst bekannt Period: All 2,66 Jahre réckelt dee blozege Stär virun den Haaptstär an d'Hellegkeet hëlt of. D'System läit 790 Liichtjoer vun eis ewech.

D'Stären ε an ζ Aurigae ginn och als Haedus I an II (griichesch „d'Kanner“) bezeechent.

Den RT Aurigae ass e pulsatiounsverännerleche Stär vum Typ Cepheiden op enger Distanz vun 2.500 Liichtjoer. De Stär ännert rhythmesch, an 3 Deeg, 7 Stonnen a 28 Minutten, seng Hellegkeet.

Den AE Aurigae ass e verännerleche Stär op enger Distanz vu 1.400 Liichtjoer, deem seng Hellegkeet ouni erkennbar Reegelméissegkeet tëscht 5,78 a 6,08m schwankt. Miessunge vun der Eegebeweegung weisen, datt sech de Stär mat enger grousser Vitess vun 100 km/s beweegt. Hie gehéiert zu enger Grupp vu Stären, déi als „Runaway Stars“ (Deserteure) bezeechent ginn. Méiglecherweis ware si Member vun engem Méifachstäresystem a goufe bei enger Supernovaexplosioun oder duerch Laanschtzéie vun engem anere System virun zwou bis dräi Millioune Joer an de Raum geschleidert. Déi aner bekannten „Deserteure“ sinn 53 Arietis am Aries an η Columbae an der Columba.

Messier- an NGC-Objeten änneren

Messier (M) NGC divers m Typ Numm
36 1960 6,5 Oppene Stärekoup
37 2099 6,0 Oppene Stärekoup
38 1912 7,0 Oppene Stärekoup
1664 7,2 Oppene Stärekoup
1778 7,7 Oppene Stärekoup
1857 7,0 Oppene Stärekoup
1883 Oppene Stärekoup
1931 10 Emissiounsniwwel
2126 Oppene Stärekoup
2192 Oppene Stärekoup
2281 5,4 Oppene Stärekoup
IC 405 Emissiounsniwwel

Am Auriga sinn dräi oppe Stärekéip, déi de franséischen Astronom a Koméitejeeër Charles Messier a sengem Katalog mat niwwelegen Objeten (Messier-Katalog) opgeholl hat. All dräi Stärekéip si ronn 4.000 Liichtjoer vun eis ewech.

De M36 enthält ronn 60 Stäre vun der 9. bis 14. Gréisseklass.

De M37 ass e Stärekoup am Auriga.

Am Teleskop kann een de M38 opléisen a ronn 100 Eenzelstäre vun 8 bis 12m siichtbar maachen.

Den NGC 1931 ass en Emissiounsniwwel, eppes ëstlech vum M36. Dobäi gëtt eng Gaswollek vun engem Nopeschstär zum Liichten ugeregt.

Den NGC 2126 ass e oppene Stärekoup mat 20 Stäre vun 11 bis 14m.

Den NGC 2281 gouf am Joer 1788 vum Wilhelm Herschel entdeckt an ass och en interessanten oppene Stärekoup.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Auriga – Biller, Videoen oder Audiodateien