D'Attentat vu Saravejo vum 28. Juni 1914 bei deem den éisträicheschen Trounfollger Franz Ferdinand a seng Fra Sophie ëm d'Liewe kënnt, gëllt allgemeng als ee vun den Ausléiser vum Éischte Weltkrich.

D'Attentat op engem zäitgenëssesche Bild

Hannergrond änneren

Bosnien an Herzegowina, déi zanter 1878 ënner éisträichescher Verwaltung sinn an 1908 de jure annexéiert goufen, si vun Onroue gezeechent. D'serbesch Awunner, an dat sinn ëmmerhin 40 Prozent, wëll d'Vereenegung mam Kinnekräich Serbien. Zentrum vun dësen Iddien ass d'Geheimorganisatioun Schwaarz Hand (Ujedinjenje ili SmrtEenheet oder Doud), déi d'politescht Zil huet, all d'Südslawen ënner serbescher Féierung ze verenegen.

Den Datum änneren

Natierlech ass de Besuch zu Sarajevo eng eemoleg Chance fir d'Attentäter, déi sech warscheinlech sou bal net méi bidde wäert. Doriwwer eraus huet den Datum awer och eng bestëmmte Bedeitung fir d'Serben: den 28. Juni ass den Sankt Veit-Dag, de mytheschen Nationalfeierdag vun de Serben, un deem si der Nidderlag géint d'Tierken 1389 um Amselfeld erënneren.

D'Affer: De Franz Ferdinand vun Éisträich änneren

 
Franz Ferdinand vun Éisträich

Fir den éisträicheschen Trounfollger ass et eng Fro vun Deeg bis hien op den Troun klamme wäert, ëmmerhin huet den éisträichesche Keeser Franz Joseph scho 85 Joer.

Dësen Ament huet de Franz Ferdinand gutt virbereet an hien huet eng Jett wëlles. Virun allem geet et him ëm eng Restrukturéierung vum éisträichesche Villvëlkerstaat andeems d'südslawesch Bevëlkerungsgruppe méi staark agebonne ginn. Mat sou Pläng mécht hie sech zu Wien net onbedéngt beléift, an dat ass hie souwisou schonn net.

Op den Troun kënnt hien eigentlech méi duerch Zoufall, als Neveu vum Keeser Franz Joseph, nodeem de Krounprënz Rudolf sech selwer ëmbruecht hat. Zu allem Iwwerfloss hat e sech och nach mat der "falscher" Fra bestuet, der Sophie Chotek, enger béimescher Gräfin, an den Ae vun den Habsburger net akzeptabel.

Feinden hat de Franz Ferdinand demno genuch.

D'Attentat änneren

Eigentlech ass et fir d'Attentäter zimmlech einfach, et si keng speziell Sécherheetsmoossname geholl ginn an de Franz Ferdinand a seng Fra Sophie fueren am Cabrio duerch d'Stroosse vu Sarajevo.

Nodeem den Auto laanscht déi éischt zwéi Poste fiert ouni datt eppes geschitt – warscheinlech waren d'Attentäter awer net sou king – fiert den Auto laanscht de Čabrinović deen eng Handgranat an den Auto geheit. Déi lant allerdéngs um Pavé, wou s'explodéiert, a Panik mécht sech breet. Den Auto bleift op Urode vum Franz Ferdinand emol stoen, an de Čabrinović gëtt festgeholl. En Offizéier vum Franz Ferdinand gouf beim éischten Uschlag blesséiert a gëtt an d'Spidol bruecht. Duerno geet et wéi de Blëtz op d'Gemeng, fir déi eigentlech geplangt Visite.

An der Gemeng lauschtert de Franz Ferdinand gedëlleg dem Buergermeeschter seng Ried, wëllt awer duerno de weidere Programm léiwer ofbriechen, an an d'Spidol fueren. Allerdéngs krut säi Chauffer dat net matgedeelt, an ënnerschreift souzesoen d'Doudesurteel fir de Franz Ferdinand a seng Fra Sophie. De Provënzgouverneur a Bäifuerer mécht hien dodrop opmierksam an den Auto bleift fir e puer Sekonne stoen, an déi ginn dem Princip duer, deen zweemol schéisst. Déi éischt Kugel geréit de Franz Ferdinand am Hals, déi zweet geet op seng Fra. Viru Geriicht seet hien aus, datt en net wëlles hat, d'Sophie ëmzebréngen, mä datt seng Schëss eigentlech nëmme fir de Franz Ferdinand bestëmmt waren.

Den Auto fiert weider bei d'Residenz vum Gouverneur, mä d'Doktere kënnen näischt méi fir den Trounfollger a seng Fra maachen.

D'Attentäter änneren

D'Attentäter sinn zu siwen, sechs bosnesch Serben an ee bosnesche Moslem. Déi jéngst Attentäter hu knapps 17 Joer.

Dräi vun hinnen, dorënner de Gavrilo Princip an den Nedeljko Čabrinović goufen zu Belgrad vun der Schwaarzer Hand ausgebilt. An hirem Gepäck hu si Revolveren, Handgranaten an Zyankali, fir datt de Géigner si op kee Fall lieweg ze pake kritt.

Gehollef kréie si vu serbeschen Douanieren, fir iwwer d'Grenz ze kommen.

Wéi wäit d'serbesch Regierung um Attentat matbedeelegt war, ass ni opgekläert ginn. Et gëtt allerdéngs spekuléiert, datt awer Brochdeeler un héijer Plaz bekannt gi waren, mä et gouf net agegraff.

Reaktiounen änneren

Um Véirel vir zwielef fänken d'Morsetasten u mat klicken, an d'Nouvelle geet ronderëm d'Welt.

Den däitsche Keeser Wilhelm II. ass entsat. De Franz Ferdinand war e perséinleche Frënd vun him. D'Noriicht erreecht de Keeser op senger Yacht Hohenzollern. Fir hien ass kloer datt dëst Attentat net einfach kann higeholl ginn, mä et muss zeréckgeschloe ginn. Mit den Serben muss aufgeräumt werden, und zwar bald heescht et an der keeserlecher Depesch u Wien.

Och an Éisträich ass d'Faass iwwergelaf. An der Press liest ee vun de Serben nëmmen nach als Mordgesindel, Läusevolk oder Hammeldiebe. De Generalstabschef Franz Freiherr Conrad vun Hötzendorf géif léiwer haut wéi muer um Balkan amarschéieren. De Keeser ass erstaunlech roueg, a wierkt net wierklech verwonnert vun der Nouvell. Hien huet sech zanter laanger Zäit domat offonnt, datt seng Dynastie vum Pech verfollegt ass, op een Doudege méi kënnt et do wierklech net méi un. Mä en aneren huet an Éisträich d'Fiedem an der Hand, den Ausseminister Leopold Graf Berchtold dee fir eng militäresch Interventioun plädéiert an duerch deen et zum faméise Blankoscheck vum Keeser Wilhelm II. kënnt, dee fatal Follge fir Europa wäert hunn.

Literatur zum Theema änneren

  • Hans Fronius, Das Attentat von Sarajevo, Styria, Graz, 1988. (ISBN 3-222-11851-5)
  • Albert Mousset, Un drame historique: L'attentat de Sarajevo: Documents inédits et texte intégral des sténogrammes du procès, Payot, Paräis, 1930.
  • Karl Kautsky, Documents allemands relatifs à l'origine de la guerre Band 1: "De l'attentat de Sarajevo à la réception de la réponse serbe", A. Costes, Paräis, 1922.
  • Jean-Louis Thiériot, François-Ferdinand d'Autriche: de Mayerling à Sarajevo, Éd. de Fallois, Paräis, 2005. (ISBN 2-87706-552-9)
  • Vladimir Dedijer, La route de Sarajevo, Gallimard, Paräis, 1969.
  • Michèle Savary, Sarajevo 1914: vie et mort de Gavrilo Princip, L'Age d'homme, Lausanne, 2004. (ISBN 2-8251-1891-5)

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Attentat vu Sarajevo – Biller, Videoen oder Audiodateien