Attentat (Roman 2024)
Roman vum Jean Schoos (2024)
Attentat ass e Kriminalroman op Lëtzebuergesch vum lëtzebuergeschen Auteur Jean Schoos, deen den 19. Abrëll 2024 bei den Éditions Guy Binsfeld erauskoum. Et ass de fënneften a leschte Band aus der Serie Gudde Gendaarm, béise Gendaarm.
Auteur | Jean Schoos |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Genre | Kriminalroman |
Erauskomm | 2024 |
Editeur | Éditions Guy Binsfeld |
Serie | Gudde Gendaarm, Béise Gendaarm |
Ëm wat geet et am Roman? änneren
Um Enn vu senger Déngschtzäit huet de René Fischbach säi Bëss verluer. Mä zwéi Fäll loosse säi Juegdinstinkt nees erwächen: en Uschlag op d'Eisebunn an e vermeintleche Journalist, deem seng Läich am Stauséi fonnt gouf...
Soss änneren
De Roman spillt 1983 zu Lëtzebuerg. Verschidden Elementer vun der Erzielung si fiktiv, anerer net. Ganz kloer si Parallelen zu der Affär Bommeleeër, déi 40 Joer dono nach ëmmer op en ofschléissend Uerteel waart...
Literatur änneren
- Schoos, J. (2024). Attentat. Lëtzebuerg. Éditions Guy Binsfeld 192 S. ISBN 978-2-919822-02-7[1]