D'Astrometrie (Stäremiessung) ass de geometreschen Deelberäich vun der Astronomie an domat d'Géigestéck zu der Astrophysik. Si ëmfaasst d'Miessung an d'Berechnung vu Stärepositiounen, de sougenannte Stäreplazen an hir Beweegungen.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Himmelsmechanik.

Bis zum Aféiere vun der Astrophysik, déi ëm 1850 no der Erfindung vun der Spektroskopie koum, hunn d'Astrometrie an d'Sphäresch Astronomie de Groussdeel vun der ganzer Astronomie ausgemaach.

D'Astrometrie ass d'Wëssenschaft vum geometreschen Opbau vum Universum (Plaz, Beweegung an Distanz vun Himmelskierper) oder d'Vermiessung vum Himmel. Gläichzäiteg ass se eng Koordinategrondlag fir d'Geodesie - also d'Vermiessung vun der Äerd.

Aufgabe vun der Astrometrie änneren

Konkreet betruecht, bedeit d'Astrometrie haut:

Déi wichtegst Institutioun fir déi Aspekter ass d'Astronomescht Recheninstitut zu Heidelberg. Et bedreift Astrometrie, Stellardynamik an astronomesch Déngschtleeschtungen a Form vun Ephemeriden a Joerbicher, Kalennergrondlagen a Bibliographien.

Historesches a Verbindungen änneren

Bis zum Opkomme vun der Astrophysik no 1850 – virun allem duerch d'Spektralanalys an d'Astrofotografie - war d'Astrometrie gläichbedeitend mat Astronomie iwwerhaapt. Eréischt am 20.Joerhonnert ass ugefaange gi vun Astrometrie oder Positiounsastronomie ze schwätzen – am Géigesaz zu der Astrophysik, déi vun 1950 un, d'Astronomie dominéiert huet.

Zanter der Entwécklung vun elektro-optesche Sensore wéi CCD, vun Astrometriesatellitte wéi den Hipparchos an d'VLBI-Interferometrie erlieft d'Astrometrie eng Renaissance. Hir Verbindungen zu der Geodesie gi méi staark, an d'Bedeitung vun héichprezise Koordinatesystemer hëlt zou. International Aufgabe wéi Monitoring vun der Äerdrotatioun mat Radioastronomie a GPS, Raumfaart- a Satellitteprojete wéi Galileo oder GAIA ginn interdisziplinär a gi jonken Astronomen nei Beruffschancen. An der Definitioun vun Zäitsystemer mussen Astronome mat Physik a weideren 3-4 Disziplinne kooperéieren.

Zwee- bis véierdimensional Astrometrie änneren

Den 2-D-Deel vun der Astrometrie zielt zu der sphärescher Astronomie a beschäftegt sech nëmme mat der Afallsrichtung vu Liichtquellen aus dem Weltraum - theoreetesch, miesstechnesch, am Zesummenhank mat Koordinatesystemer a fir verschidde Korrekture vun der visueller Richtung vun Himmelsobjeten (Planéiten, Stären, Galaxien) op hir richteg Richtung.

Dräidimensional ginn d'Stäreplazen duerch d'Miessung vu Parallaxen, de visuelle Verréckelungen déi all Joer optrieden, déi vu géigeniwwerleiende Punkte vun der Äerdbunn festzestelle sinn. Doraus kënne Stärendistanze bis zu 100 Liichtjoer ofgeleet ginn, mat HIPPARCOS- an anere Methoden nach wäit driwwer eraus.

4-D kéint een d'Stellardynamik nennen, déi sech op Eegebeweegunge stëtzt. Déi gëtt berechent aus geneeë Stäreplaze vun Epochen déi wäit ausernee leien. Hir Ergänzung zum raimleche Vitessvektor ergëtt d'Radialvitess, e Resultat vun der Spektralanalys a sou den Iwwergank zu der Astrophysik. D'selwecht ass et bei den Distanzbestëmmunge mat Hëllef vun der Photometrie.

D'Dynamik vu wäiten Objete gëtt ëmsou méi astrophysikalesch erfuerscht, wat se méi wäit ewech sinn. Dës Grenz gëtt awer duerch d'Raumfaart an d'Astrometriesatellitte stänneg vergréissert.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Literatur änneren

  • Julius Redlich: Ein Blick in das allgemeinste Begriffsnetz der Astrometrie. Verlag Beyer, Langensalza 1907.
  • Rudolf Sigl: Geodätische Astronomie. Verlag Wichmann, 3.überarb. Auflage, 300 p., ISBN 3-87907-190-X, Heidelberg 1991.
  • P.Brosche, H.Schuh: Neue Entwicklungen in der Astrometrie und ihre Bedeutung für die Geodäsie. ZfV Jg.124, p. 343-350, Stuttgart 1999.

Um Spaweck änneren