Ascension (Skulptur)

Skulptur vum Lucien Wercollier


Ascension ass den Numm vun enger monumentaler Skulptur am Marmer an am Bronze vum Lucien Wercollier (1908-2002). Si steet virum Gemengenhaus zu Stroossen.

Ascension
Ascension virum Gemengenhaus zu Stroossen
Typ Skulptur
Land USA, Lëtzebuerg
Gemeng Washington, Stroossen
Ageweit 1978
Material Marber, Bronz
Kënschtler Lucien Wercollier

D'Skulptur besteet aus der selwechter, awer liicht verännerter Form, déi dräimol openee gestallt ass.

Ascension gëtt et an zwou Versiounen:

  • eng Versioun am Marmer, déi 1978, op d'Commande hi vun der Lëtzebuerger Regierung, fir den J.-F. Kennedy Center for Forming Arts zu Washington sculptéiert gouf. Bis haut (2009) gehéiert dem Wercollier seng Skulptur zu engem vun den Highlights an dësem Musée.
  • eng Versioun am Bronze déi 1986 gegoss gouf, fir virum Gemengenhaus zu Stroossen opgestallt ze ginn. D'Skulptur steet op engem Sockel aus Granit, op deem den Numm vun der Skulptur gravéiert ass, an och: Lucien Wercollier sculpteur. D'Skulptur selwer ass vum Kënschtler mat LW 1986 signéiert.

Quell änneren

Kuckt och änneren

  • Les sacrifiés, eng aner bronze Skulptur vum Lucien Wercollier zu Stroossen, bei der Kierch.
  • Fir Biller vun weidere Skulpture vun dësem Kënschtler, kuckt Lucien Wercollier.

Um Spaweck änneren

Fotoalbum änneren

 
Ascension vum Gemengenhaus aus gesinn.