Arthur Possing

lëtzebuergeschen Jazzpianist

Den Arthur Possing, gebuer 1996 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergeschen Jazzpianist. Hien huet mat 6 Joer ugefaange klassesch Perkussioun a mat 10 Joer, klassesche Piano an der Klass vum Pianist Jean Muller ze léieren. Vun 2009 uns huet hie beim Marc Mangen Jazz-Piano geléiert, 2011 Vibraphon beim Guy Cabay. No senger Première am Joer 2016 huet hien Jazz-Piano beim Eric Legnini um Conservatoire Royal de Bruxelles studéiert.

Museksformatiounen änneren

Arthur-Possing-Quartett änneren

Den Arthur-Possing-Quartett huet sech am Joer 2013 an der Musekssektioun am Lycée zesumme fonnt. Zënter 2017 besteet de Quartett aus lëtzebuergesch, däitsch a franséisch Museker. De Repertoire besteet aus eegene Kompositiounen a Standarden an ëmfaasst souwuel moderne wéi traditionnellen Jazz.

Arthur-Possing-Trio featuring Claire Parsons änneren

Dës Formatioun ass aus der Passioun fir verschidde Stiler wéi Soul, Nu-Jazz, Folk a Groove entstanen.

CDen änneren

  • 2014: The 2014 Summer Sessions, Rodluc Music
  • 2016: Invitation by Arthur Possing, Rodluc Music
  • 2018: Four Years, um belsche Label Hypnote Records. E gouf vu Couleurs Jazz a Frankräich ausgezeechent.
  • 2021: Natural Flow, Album, Double Moon Records/Challenge Records

Um Spaweck änneren