Arnaut Daniel

okzitaneschen Troubadour

Den Arnaut Daniel (oc: Arnaut Danièl; * ëm 1150 zu Ribérac an der Dordogne, Grofschaft Périgord am Herzogtum Aquitaine; † ëm 1200 oder 1210) war en okzitaneschen Troubadour an ee vun den Haaptvertrieder vun der Troubadourdichtung am donkelen, schwierege Stil (trobar clus).

Arnaut Daniel
Den Arnaut Daniel - Duerstellung aus der franséischer Nationalbibliothéik, MS cod. fr. 12473, 13. Jh.
Gebuer 1150 jul.
Ribérac
Gestuerwen 1210 jul.
Ribérac
Aktivitéit Dichter, Schrëftsteller, Komponist

Vum Dante gëtt hien als "beschte Schmadd vun der Mammesprooch" gelueft, a vum Petrarca "Groussmeeschter vun der Léift" genannt. Am 20. Joerhonnert gouf hie vum Schrëftsteller Ezra Pound an deem senge Wierk "The Spirit of Romance" (1910) de gréisste Poet vun allen Zäite genannt.

No enger Vida (enger an okzitanescher Sprooch geschriwwener kuerzer Prosabiographie), déi dem Uc de Sant Circ zougeschriwwe gëtt, gouf den Arnaut als Adlegen (gentils hom) op der Buerg Ribérac am Bistum Périgord gebuer, huet eng Ausbildung an de letras kritt (gemengt si warscheinlech d'Siwe Fräi Kënschten, oder op d'mannst deenen hir sproochlech Fächer vum Trivium), huet d'Studium dann awer zu Gonschte vum Dichten opginn a gouf joglar, wat ee kéint mat Spillmann iwwersetzen, dee géint Bezuele friem an eege Lidder virdréit. Och de Raimon de Dufort nennt hien "e Student, ruinéiert vu Wierfelspiller".

Vum Arnaut sinn zwou Melodien an 18 Liddtexter erhalen, dovun zwielef a Kanzonenform, a vun engem (Lo ferm voler q'el cor m'intra) dat eelst bekannt Lidd an der Form vun der Sestinen. Hie gëllt als Erfinder vun dëser Gattung, enger formal héchst usprochsvoller Gedichtform déi aus sechs Strophe mat jee sechs Verse besteet a sechs gläichbleiwende Reimwierder, déi bannent den eenzele Strophe kee Reimpartner hunn, mä vu Stroph zu Stroph a verännerter Positioun erëmkommen, woubäi all Stroph mat dem Ufanksreim d'Reimwuert vun der vireger Stroph widderhëlt (rimas capcaudadas). Opgrond vun der besonnescher Schwierigkeet, déi am Reim exponéierte Wierder mat méiglechst variéierender Bedäidong a jeeweils neien Aussozesummenhängen erëmkommen ze loossen, an opgrond vun der domat verbonnener Donkelheet gëllt d'Sestinen als absënns charakteristesch fir déi vum Arnaut vertruede Stilrichtung vum trobar clus.

Eng Bemierkung vum Dante am Purgatorio (26,118) kann een esoou bekäppen, datt den Arnaut net nëmme mat Lidder ("versi d'amore"), mä och mat Prosaromaner (prose di romanzi) besonnesch Éier ageluecht huet, awer et huet sech keen sou e Prosawierk erhalen, dat him zougeschriwwe kéint ginn. Den engleschen Dichter Henry W. Longfellow wollt him eng Versfassung vum Lanzelot vum Séi zouschreiwen, en huet heimat awer keen Uklang fonnt.

Den Arnaut huet sech schonn ëm 1185 en Numm ënner den Troubadoure gemaach an et gouf em absënns an Italien nogeäifert. Den Dante féiert hien a senger Schrëft De vulgari eloquentia mat senger Kanzone L'aur' amara als Haaptvertrieder vun der Gattung Léiftendichtung un (Dve II, ii, 8), zitéiert hien do och mat de Kanzonen Sols sui qui sai lo sobrafan qe'm sortz (II, vi, 6) a Si'm fos Amors de ioi donar tant larga (II, xiii, 2) a mécht dem Arnaut seng Sestinen a senger eegener Sestine Al poco giorno (Rime 34) an an der Duebelsestine Amor tu vedi ben (Rime 37) no. A senger Commedia begéint een dem Arnaut Daniel am 26. Gesank vum Purgatorio, als "Arnaldo" am Feegfeier ënner de Béisser vun der Sënn vun der Loscht. Hie gëtt do virgestallt vun dem vum Dante gläichfalls héichgeschatenen italieeneschen Dichter Guido Guinizelli, deen den Arnaut virstellt als "miglior fabbro del parlar materna" ("beschte Schmadd vun der Mammesprooch"), dee souguer dem Troubadour Giraut de Bornelh nach virzezéie wier. Den Arnaut selwer stellt sech dann a senger Mammesprooch vir:

«Tan m'abellis vostre cortes deman,
qu'ieu no me puesc ni voill a vos cobrire.
Ieu sui Arnaut, que plor e vau cantan;
consiros vei la passada folor,
e vei jausen lo joi qu'esper, denan.
Ara vos prec, per aquella valor
que vos guida al som de l'escalina,
sovenha vos a temps de ma dolor»
(Purg., XXVI, 140-147)

Wiertlech iwwersat:

Sou gutt gefält mer Är héiflech Fro,
datt ech mech virun Äech verstoppe weeder wëll nach kann.
Ech sinn den Arnaut, deen ech kräichen an am Sangen hei ginn;
voller Suerg betruechten ech déi vergaangen Dommheet,
a mat Amusement gesinn ech déi zukünfteg Freed [vum Paradies], déi ech erhofft hunn.
Elo awer bieden ech Äech, ëm där Dugend wëllen,
déi Äech un d'Enn vun där Trap féiert:
Erënnert Äech zur Zäit u mäi Leed!

Als Würdegung vun dëse Versen, déi den Dante dem Arnaut Daniel dedicacéiert huet, erschéngt d'europäesch Editioun vum T.S. Eliot sengem zweete Gedichtband ënner dem Titel Ara Vos Prec. Dem Eliot säi Gedicht "The Waste Land" fänkt un an hält op mat Verweiser op den Dante an den Daniel. D'Gedicht huet am leschten Ofsaz och e Bezuch op déi lescht Zeil vum 26. Gesank aus dem Purgatorium: "Poi s'ascose nel foco che gli affina" (Dunn ass hien am Feier fort verschwonnen, dat si purifizéiert), déi sech ebenfalls op den Daniel Arnaut bezitt.

Am Arnaut sengem Lidd Nr. 10 (Ab gai so cuindet e leri, "Un eng schéin, gelleg a glécklech Melodie") fanne sech - dem Ezra Pound no - "dräi Verse fir déi den Daniel am bekanntsten ass" (The Spirit of Romance, p. 36):

"leu sui Arnaut qu'amas l'aura
E chatz le lebre ab lo bou
E nadi contra suberna"

Iwwersetzung:

"Ech sinn den Arnaut, deen de Wand gär huet,
An den Hues mam Ochs jot,
A géint d'Sturzflut schwëmmt."

D'Schoul zu Ribérac gouf nom Daniel Arnaut benannt.

Literatur änneren

  • Mario Eusebi: L'aur'amara. Parma: Pratiche Editrice. 1995, ISBN 88-7380-294-X.
  • Paolo Canettieri: Il gioco delle forme nella lirica dei trovatori. Roma: Bagatto Libri, 1996.
  • Ezra Pound: The Spirit of Romance. Éischtausgab 1910, reprint New Direction Books 1968.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren