Arjuna-Asteroide gehéieren zur Klass vun den äerdnoen Asteroiden (engl. Near-Earth asteroid, NEA), eng Grupp vun den äerdnoen Objeten (engl. Near-Earth object; NEO).

Charakteristesch fir Asteroide vun där Klass ass hiren äerdänlechen Orbit mat klenger Bunnschréi, klenger Exzentrizitéit an Ëmlafdauer vu ronn engem Äerdjoer. Dofir sinn Asteroiden aus där rarer Klass mat verhältnesméisseg klengem Opwand (Delta v) vun der Äerd aus z'erreechen.

D'Definitioun vum Arjuna-Typ ëmfaasst Asteroide vun den dräi etabléierte Kategorië vun äerdnoen Asteroiden Apollo-, Amor- an Aten-Asteroid.

Anescht wéi déi dräi aner Typklasse gouf d'Arjuna-Klass net no engem Asteroid genannt (vgl. Asteroiden 1221 Amor, 1862 Apollo an 2062 Aten), mä no enger Figur vun der hinduistescher Mythologie: Arjuna, Jong vum Himmelsgott Indra an der Kinnigin Kunti.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie