Aristides de Sousa Mendes

portugiseschen Diplomat deen am Zweete Weltkrich geschaten 30.000 Mënschen d'Liewe gerett huet

Den Aristides de Sousa Mendes, gebuer den 19. Juli 1885 zu Cabanas de Viriato bei Viseu, a gestuerwen den 3. Abrëll 1954 zu Lissabon, war e portugiseschen Diplomat. Als Generolkonsul zu Bordeaux huet hien am Zweete Weltkrich geschaten 30.000 Mënsche vu verschiddenen Nationalitéiten, dorënner enger 10.000 Judden, d'Liewe gerett, andeems en hinnen, géint den Uerder vu sengem Ministère, Visae fir a Portugal ausgestallt huet, soudatt se sech virun den Nazien a Sécherheet brénge konnten.

Aristides de Sousa Mendes
Gebuer 19. Juli 1885
Viseu
Gestuerwen 3. Abrëll 1954
Lissabon
Nationalitéit Portugal
Aktivitéit Diplomat, Affekot

Hie gëllt haut als "portugisesche Schindler" a gëtt als ee vun de Gerechten ënner den Natiounen geéiert.

Säi Liewen änneren

Den Aristides de Sousa Mendes koum aus enger biergerlecher Famill, säi Papp war Riichter um Ieweschte Geriichtshaff a Portugal. Hien huet op der Universitéit Coimbra Droit studéiert a gouf Diplomat. 1929 gouf e Generalkonsul zu Antwerpen (och fir Lëtzebuerg) an 1938 Generalkonsul zu Bordeaux.

Nodeem 1940 e groussen Deel vu Westeuropa vum Däitsche Räich besat war, sinn Zéngdausende vu Flüchtlingen an de südlechen, nach net besaten Deel vu Frankräich gaangen. Portugal huet als eent vun deene leschte Länner gegollt, wou ee sech a Sécherheet brénge kéint. Mä fir dohin ze kommen huet ee missen duerch Spuenien, dat vum Diktator Franco beherrscht gouf, an dofir huet een e portugisesche Visa gebraucht. Dausende vu Leit hu sech dofir beim portugisesche Konsulat zu Bordeaux afonnt, am Hoffes, sou e Visa ze kréien.

Schonn den 13. November 1939 hat de portugisieschen Diktator Salazar an enger Circulaire, der „Circular 14“ alle portugiseschen Diplomate verbueden, Visa fir „[…] Auslänner, deenen hir Nationalitéit onbekannt, verworf oder contestéiert ass; Apatriden; Judden, déi aus hirem Land, oder vun do, wou se hierkoumen, verdriwwe goufen“, auszestellen. Am Juni 1940 goufen dës Bestëmmungen duerch den Zousaz verschäerft, datt nëmmen déi, déi schonn e Visa fir e Land baussent Europa hätten, a Portugal erareese gelooss däerfte ginn.

De Sousa Mendes huet dës Circulaire eng éischt Kéier de 17. Juni 1940 ignoréiert an huet duerch de galizesche Rabbiner Chaim Kruger matdeele gelooss, datt en ouni Ausnam jiddwerengem e Visum géif ausstellen, „wat och ëmmer hir Nationalitéit, Rass oder Relioun" wier. Souguer Familljememberen hu gehollef, déi Visaen zu Dausenden auszefëllen an ofzestempelen, um Schluss, wéi keng Formulairë méi do waren, souguer op einfachem Pabeier.

Sou konnten Zéngdausende vu Flüchtlingen iwwer deen eenzege Wee, deen duerch Spuenien erlaabt war, vun Hendaye op Irun bis a Portugal fortlafen. Vun do koume se a portugisesch Häfen, wou s'an Amerika fuere konnten.

De Sousa Mendes hat och dem franséische Konsul zu Toulouse eng Procuratioun ginn, fir Visaen auszestellen an ass bis op Bayonne gefuer, wou eng Filial vum portugisesche Konsulat war, fir de Beamten do den Uerder ze ginn, och do Visaen auszestellen.

Ënner deene Leit, déi sou a Portugal konnte reese waren och e puer Membere vun der Belscher a Lëtzebuerger Regierung, den Otto von Habsburg an d'Groussherzogin Charlotte mat hirer Famill.

Den 20. Juni 1940 ass d'portugisech Regierung gewuer ginn, wat de Sousa Mendes géif maachen, an huet hem den Uerder ginn, direkt Bordeaux ze verloossen. Dofir gouf den Teotónio Pereira, de portugiseschen Ambassadeur zu Madrid, op Bordeaux geschéckt.

Nach um Wee op d'spuenesch Grenz huet de Sousa Mendes Visae verdeelt an huet a sengem Auto jiddesch Flüchtlinge mat iwwer déi franséisch-spuenesch Grenz geholl. De Salazar huet en den 23. Juni offiziell aus sengem Amt enthuewen. De 24. Juni gouf de Salazar bekannt, datt all Visaen, déi vum Sousa Mendes ausgestallt gi wieren, ongëllteg wieren, a seng Ambassade a Frankräich instruéiert, just nach „gente limpa“ (wuertwiertlech „propper Leit“, gemengt waren net-jiddesch Leit) e Visa auszestellen.

Wéi en a Portugal ukoum, gouf de Sousa Mendes an engem Disziplinarprozess fir schëlleg fonnt. Hien ass aus dem Diplomatenamt suspendéiert ginn, huet seng Lizenz als Affekot verluer an hat keen Usproch méi op Pensioun. Vill Leit wollten näischt méi mat him a senger Famill ze dinn hunn. D'finanziell Situatioun vun der Famill huet sech verschlechtert, se hu missen no an no hire Besëtz verkafen. Méi spéit gouf d'Famill vun der jiddescher Communautéiet zu Lissabon ënnerstëtzt, soudatt e puer vu sengen zwielef Kanner an den USA studéiere konnten. Zwéi vu senge Jonge ware bei der Operatioun Overlord dobäi.

De Sousa Mendes ass am Aarmut gestuerwen, an der Press a Portugal war näischt ze fannen iwwer dat, wat hie gemaach huet. Op seng Grafplack gouf den Text „Wien ee Liewe rett, rett d'Welt“ ubruecht. Eréischt 1988 gouf de Mendes Sousa offiziell rehabilitéiert a vun der Regierung fir seng Dot gewierdegt. 1994, huet de portugisesche President Mário Soares zu Bordeaux eng Buste vum Sousa Mendes an eng Plack um Haus, wou 1940 d'Konsulat war, ageweit. 1995 huet de Soares hie posthum mat der Croix du mérite ausgezeechent.

Zanter 1966 ass de Sousa Mendes, als eenzege Portugis, ee vun de Gerechten ënner den Natiounen am Yad Vashem-Memorial an Israel, wou him e klenge Bësch mat enger 10.000 Beem dedicacéiert ass - déi Zuel vu Judden, deenen e gehollef huet, z'iwwerliewen.

Am Januar 2007 gouf de Sousa Mendes vun den Telespectateure vun der Emissioun Os Grandes Portugueses ("Déi gréisst Portugisen") zum „drëttgréisste“ Portugis gewielt - zwou Plazen hanner dem fréieren Diktator Salazar.

D'Fundação Aristides de Sousa Mendes këmmert sech a Portugal ëm säi Vermiechtnes.[1]

Zu Lëtzebuerg gouf den 19. Juli 2012 de Círculo Cultural Aristides de Sousa Mendes gegrënnt, fir seng Erënnerung z'éieren a seng Dote besser bekannt ze maachen.[2] Vum 28. November 2019 bis den 22. Februar 2020 war am Lëtzebuerger Nationalarchiv d'Ausstellung « Aristides de Sousa Mendes - Un consul portugais entre la conscience humaine et la raison d'État » ze gesinn, an et krut een do och den Ausstellungskatalog ze kafen.[3] Uganks der 2020er Jore gouf am Quartier Bouneweg, um Leschte Steiwer, eng nei Strooss nom de Sousa Mendes genannt.

Literatur änneren

  • Schroeder, C., S. Simic, N. Blazejewski, C. Lux, M. Tasch-Fernandes, P. Lambert & Archives nationales, 2019. Aristides de Sousa Mendes: Un consul portugais entre la conscience humaine et la raison d'État. Luxembourg: Archives nationales, 47 S.
  • Júlia Nery: Der Konsul. 1997, ISBN 3-905513-07-2
  • José-Alain Fralon, Aristides de Sousa Mendes, Le juste de Bordeaux, éd. Mollat, 1998.
  • Bernard Riviere, Le Portugais du siècle, FAFPA Éditions, 2001.
  • Bernard Riviere, Il a dit non, FAFPA Éditions, 2002.
  • Aristides de Sousa Mendes, 9 jours pour sauver 30000 personnes, livret pédagogique, éd. Quatorze, 2009. ISBN 978-2-9535039-0-6
  • Le Pouvoir de dire "non", éd. Quatorze, 2010. ISBN 978-2-9535039-1-3
  • Aristides de Sousa Mendes, héros "rebelle", juin 1940, éd. Confluences, 2010. ISBN 978-2-35527-037-6
  • Eric Lebreton, Des Visas pour la vie, Aristides Sousa Mendes, 2010 édition du Cherche-Midi, Préface vun der Simone Veil.
  • Nuno Lucas Da Costa, Héros méconnu, Woxx, Nr. 1219, 15. Juni 2013, S. 10-11.

Doku-Fiktioun änneren

  • Désobéir - Aristides de Sousa Mendes. En Telefilm vum Joël Santoni aus dem Joer 2009.
  • O Cônsul de Bordéus, vum Francisco Manso a João Correa aus dem Joer 2011.

Um Spaweck änneren

Commons: Aristides de Sousa Mendes – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Fundação Aristides de Sousa Mendes Gearchiveerd op 2010-01-20. Gekuckt de(n) 2010-07-20.
  2. "'Aristides foi cônsul no Luxemburgo de 1929 a 1933', diz Círculo Sousa Mendes." wort.lu/pt, 27.05.13 09:36.
  3. Exposition « Aristides de Sousa Mendes ».