Den Argentinosaurus ass eng Dinosauriergattung aus der Uerdnung vun den Echsebeckesaurier (Saurischia).

Argentinosaurus

Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Reptiller
Iwweruerdnung: Dinosaurier
Uerdnung: Echsebeckesaurier
Ënneruerdnung: Sauropodomorpha
Famill: Titanosauridae
Wëssenschaftlechen Numm
Argentinosaurus
Bonaparte & Coria, 1993
Aart

A. huinculensis

D'Argentinosaurier hunn am Zäitalter vun der Kräid, virun 110 - 95 Millioune Joer, gelieft.

En hat e Gewiicht vun 100 Tonnen a war 8 m héich a 45 m laang. En ass op véier Féiss gaangen an hat déck säilenaarteg Been, Huelraim an de Réckewierbelen a kleng Loftkummeren an de Schanken, déi d'Gewicht méi kleng gehalen hunn, ouni eppes un der Stabilitéit z'änneren.

Et war e Planzefrësser an nieft dem Seismosaurus dat längst a warscheinlech och dat schwéierst Landdéier dat jee gelieft huet.

Fonntplaze vu Fossilie sinn an Argentinien.

Um Spaweck änneren

Commons: Argentinosaurus – Biller, Videoen oder Audiodateien