Archiver vun der Stad Lëtzebuerg

Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Archiver vun der Stad Lëtzebuerg sinn d'historesch Archiver vun der Gemeng Lëtzebuerg. Si sinn am 1. Sous-sol vum Stater Gemengenhaus amenagéiert.

Versuergt ginn do ë. a. Pläng, Dokumenter, Affichen an Akten, déi mat der Geschicht vun der Stad zesummenhänken. Dat eelst Dokument ass vun 1244.[1]

D'Gemengenarchiver sinn nach op dräi anere Plazen ënnerbruecht, ma kënnen hei konsultéiert ginn.

De Chef de service vun den Archiver ass d'Evamarie Bange. 7 weider Leit schaffen an deem Service.

Literatur änneren

Referenzen änneren

  1. "Sauvegarder le passé et le présent." City Nr.2016 03.