Aragonien
Aragonien (sp. an arag.: Aragón, kat.: Aragó) ass eng Regioun an autonom Gemeinschaft a Spuenien.
Aragonien | ||||
| ||||
Land | Spuenien | |||
Haaptstad | Saragossa | |||
Offiziell Sprooch(en) | Spuenesch | |||
---|---|---|---|---|
Fläch | 47.719 km² | |||
Awunner | 1.296.655 INE 2007) | |||
Bevëlkerungsdicht | 26,77 Aw. / km² | |||
Autonome Statut | 18. Abrëll 2007 | |||
Offizielle Feierdag | 23. Abrëll | |||
President | Luisa Fernanda Rudi (PP) | |||
Lag vun Aragonien a Spuenien | ||||
Autonom Gemeinschafte vu Spuenien |
Geographie änneren
Aragonien läit am Nordoste vu Spuenien a grenzt am Norde mat de Pyrenäen u Frankräich, am Osten u Katalounien, am Südwesten u Valencia an am Westen u Kastilien-León, Kastilien-La Mancha an u La Rioja. Se huet eng Fläch vu 47.719 km², dat sinn 9,4 % vun der Fläch vu Spuenien.
D'Haaptstad ass Saragossa.
Andeelungen änneren
Aragonien ass an 3 Provënzen an an 33 Comarcaen (Distrikter) agedeelt.
Numm | Haaptstad | Provënz | Haaptstad |
---|---|---|---|
Aragonien | Saragossa | Saragossa | Saragossa |
Huesca | Huesca | ||
Teruel | Teruel |
Geschicht änneren
Aragonien ass zanter dem 16. August 1982 eng autonom Gemeinschaft.
Politik änneren
D'Presidentin vun Aragonien ass d'Luisa Fernanda Rudi (PP). D'Parlamentaresch Vertriedung vun Aragonien huet am spuenesche Kongress 13 Sëtz an am Senat 14.
Demographie änneren
Am Joer 2007 ass d'Awunnerzuel 1.296.655, dat si 2,86 % vun der spuenescher Populatioun.
Kuckt och änneren
Um Spaweck änneren
Commons: Aragonien – Biller, Videoen oder Audiodateien |