iSight ass e Markennumm vun der US-amerikanescher Firma Apple fir hir Kameraen op verschiddenen Apparater.

D'iSight-Webcam op engem PowerBook G4

Den Numm gouf ursprénglech fir eng extern Webcam benotzt, déi mat engem Kabel an enger Halterung un all deemoleg Apparater vun Apple (Bildschierm, Computer, Laptop) konnt gehaange ginn, oder op eng platt Uewerfläch konnt gestallt ginn.

D'Webcam gouf fir d'eischt den 23. Juni 2003 zesumme mat der Chat-Software iChat op der Worldwide Developers Conference (WWDC) virgestallt gouf. Zënter Oktober 2008 gëtt déi extern iSight-Kamera net méi verkaaft.

An Tëschenzäit gouf et d'iSight-Kamerae just nach integréiert an aner Apparater vun Apple, dorënner den iMac, MacBook, MacBook Air, a MacBook Pro Computer.

Um Spaweck änneren

Commons: iSight – Biller, Videoen oder Audiodateien