D'Apple Mighty Mouse, spéider och Apple Mouse genannt, ass eng Computermaus vun Apple.

Déi kabellos Versioun vun der Mighty Mouse

Den Numm stammt vun der Mighty Mouse, enger Cartoon-Figur vun den Terrytoons-Studio, déi 1942 fir 20th Century Fox gezeechent gouf an hiren éischten Optrëtt am Zeechentrickfilm "The Mouse of Tomorrow" hat.

Et ass déi éischt USB-Maus mat méi wéi enger Tast vun Apple, a se gouf am August 2005 der spezialiséierter Press virgestallt. Virdru waren d'Apple-Mais wéinst hirer eenzeger Tast eng Ausnam.

Vun 2006 bis 2009 war och eng kabellos Versioun am Handel. Duerno ass se duerch d'Apple Magic Mouse ersat ginn.

D'Maus mam Kabel stoung nach bis 2017 op der Websäit vun Apple zum Verkaf, mee gouf op Apple Mouse ëmgedeeft, well et Markerechtsproblemer mat engem anere Produzent gouf.

Um Spaweck änneren

Commons: Mighty Mouse – Biller, Videoen oder Audiodateien