Antonio Stradivari

italieenesche Geiebauer

Den Antonio Stradivari, gebuer ëm 1644 zu Cremona (Italien) an do gestuerwen den 18. Dezember 1737, war en italieenesche Geiebauer.

Portrait vum Antonio Stradivari

A senger norditalieenescher Gebuertsstad huet hie warscheinlech am Atelier vum Nicola Amati d'Konscht vum Geiebaue geléiert. No deem hie säin eegenen Atelier opgemaach hat huet hien am Ufank Instrumenter am Stil vu sengem Léiermeeschter gebaut. Duerno huet hien awer säin eegene Stil a seng eegen Technik entwéckelt.

Déi Instrumenter déi hie gebaut huet an déi et haut nach gëtt, erreechen op Steeën ëmmer nees nei Héchstpräisser.

Um Spaweck änneren

Commons: Antonio Stradivari – Biller, Videoen oder Audiodateien