D'Antigone war an der griichescher Mythologie eng Duechter vum Ödipus a senger Mamm a Fra Iokaste. Hir Gesëschter waren den Eteokles, de Polyneikes an d'Ismene.

D'Antigone gemoolt vum Frederic Leighton

Déi klassesch Versioun vum Mythos fënnt sech am Sophokles senger Tragedie "Antigone" erëm. Donieft gëtt et awer och aner Versiounen déi deelweis vum Sophokles ofwäichen.

Wéinst dem ongewollten Delikt vun hiren Elteren (kuckt: Ödipus) louch e Fluch um Antigone. Si, an hir Schwëster Ismene, hunn hire blanne Papp an d'Verbanung begleet, a si bis zu sengem Doud bei him an der Friemt bliwwen. Duerno ass d'Antigone op Theben zeréck gaange fir dee virausgesoten Zweekampf tëscht hire Bridder ze verhënneren. Nodeem den Ödipus nämlech fortgaangen ass hu sech seng Jonge Polineikes an Eteokles d'Muecht iwwer Thebe gedeelt. Wéi de Polyneikes awer du vu sengem Brudder verdriwwe ginn ass, ass hie mat enger Trupp géint Thebe gezunn (Siwe géint Theben). Déi zwéi Bridder hu sech am Kampf géigesäiteg ëmbruecht.

Dem Antigone säi Monni, de Kinnek Kreon vun Thebe verbitt d'Läich vum Polyneikes ze begruewen. D'Antigone awer huet sech deem widdersat an ass dofir vum Kreon lieweg an eng Hiel agemauert ginn. Wéi dem Kreon säi Jong Haimon, der Antigone hire Koseng a Verloobten, dat gewuer ginn ass wollt hie se befreien, mä e koum ze spéit, d'Antigone hat sech erhaangen. Den Haimon huet doropshin och sengem Liewen en Enn gesat.

Literatur änneren

  Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.

Um Spaweck änneren

Commons: Antigone – Biller, Videoen oder Audiodateien