Anne Rice

US-amerikanesch Schrëftstellerin

D'Anne O'Brien Rice, gebuer als Howard Allen O'Brien de 4. Oktober 1941 zu New Orleans, am Louisiana, a gestuerwen den 11. Dezember 2021[1][2], war eng US-amerikanesch Schrëftstellerin.

Anne Rice
Gebuertsnumm Howard Allen Frances O'Brien
Pseudonym Anne Rampling, A. N. Roquelaure
Gebuer 4. Oktober 1941
New Orleans
Gestuerwen 11. Dezember 2021
Rancho Mirage
Doudesursaach Hiereschlag
Nationalitéit USA
Educatioun San Francisco State University
Aktivitéit Schrëftsteller, Romancier, Dréibuchauteur

Si ass virun allem bekannt fir hir Vampir-Romaner, déi ënnert dem Numm The Vampire Chronicles tëscht 1976 an 2018 op de Maart koumen. Do dernierft huet si ënnert de Pseudonymmen Anne Rampling, A. Roquelaure an A.N. Roquelaure divers Erotik-Romaner mat staarkem BDSM-Bezuch verëffentlecht.

Zanter 2003 huet se un enger Roman-Serie iwwert d'Liewe vum Jesus Christus geschafft. Den éischte Band Christ the Lord: Out of Egypt koum 2005 eraus a gouf 2015 ënnert der Regie vum Cyrus Nowrasteh mam Titel The Young Messiah verfilmt. Den zweete Band The Road to Cana gouf 2008 publizéiert.

Mat iwwer 150 Millioune verkaafte Bicher zielt si zu populärsten Auteuren iwwerhaapt.

Wierker änneren

The Vampire Chronicles änneren

Ramses the Damned änneren

Lives Of The Mayfair Witches änneren

New Tales of the Vampires änneren

Christ The Lord änneren

Songs of the Seraphim änneren

The Wolf Gift Chronicles änneren

Soss Romaner änneren

Kuerzgeschichten änneren

  • October 4th, 1948, 1965
  • Nicholas and Jean, 1966, ëmgeschriwwen zu Katherine and Jean, 1972
  • Interview with the Vampire (Urversioun), 1968
  • The Art of the Vampire at its Peak in the Year 1876, 1979
  • The Master of Rampling Gate,

Autobiographie änneren

  • Called Out Of Darkness, 2008

Artikel änneren

  • David Bowie and the End of Gender (Vogue, 1983)

Dréibicher änneren

  • The Mummy or Ramses The Damned, 1988 (gouf net verfilmt)
  • The Bride of Frankenstein, 1992 (gouf net verfilmt)
  • Interview with a Vampire, 1994 (zesumme mam Neil Jordan)
  • Rag and Bone, 1997 Tëleefilm
  • Earth Angels, 2001 Tëleesserie

Erotesch Romaner änneren

Sleeping Beauty änneren

Ënnert dem Pseudonym A.N. Roquelaure:

soss Romaner änneren

Ënnert dem Pseudonym Anne Rampling:

Literatur änneren

  • Rebecca Cordes: Anne Rices "Vampire Chronicles". Myth And History. Der andere Verlag, Osnabrück 2004, ISBN 3-89959-159-3.
  • Joy Dickinson: Haunted City. An unauthorized guide to the magical magnificent New Orleans of Anne Rice. Citadel Press, New York 2004, ISBN 0-8065-2525-8.
  • Gary Hoppenstand (Hrsg.): The Gothic World Of Anne Rice. University Press, Bowling Green, Ohio 1996, ISBN 0-87972-707-1.
  • Jana Marcus: In The Shadow Of The Vampire. Reflections from the world of Anne Rice. Thunder's Mouth Press, New York 1997, ISBN 1-56025-147-6.
  • Katherine M. Ramsland: Prism Of The Night, A biography of Anne Rice. Plume Books, New York 1994, ISBN 0-452-26862-1.
  • Michael Riley: Conversations With Anne Rice. Ballantine, New York 1996, ISBN 0-345-39636-7.

Um Spaweck änneren

Commons: Anne Rice – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Anne Rice, author of ‘Interview with the Vampire,’ dies. In: rappler.com, 12. Dezember 2021.
  2. Anne Rice, author of gothic novels, dead at 80. In: The Seattle Times, 12. Dezember 2021.