Mat Anna selbdritt gëtt an der chrëschtlecher Konscht eng Duerstellung vun der helleger Anna mat hirer Duechter Maria an dem Jesuskand genannt.

Anna selbdritt, Glasmolerei, Kölner Atelier, 1510–1530, Wilhelm-Hack-Musée

Den Ausdrock selbdritt ass en aalt Wuert fir "als Deel vun enger Dräiergrupp" oder och "zu drëtt".

Well an de Bibeltexter bei der Maria keng Elteren ernimmt ginn, hunn d'Kënschtler sech op Apokryph Evangelien an um Jacobus de Voragine seng Hellegelegendesammlung Legenda aurea gestäipt.

Zu Lëtzebuerg fënnt een Anna-selbdritt-Skulpturen z. B. an de Kierche vu Schwéidsbeng a Welleschten, an der Fassad vum Haus Ënnert de Stäiler an der Stad Lëtzebuerg, an eng Molerei als Predella um Héichaltor an der Kierch zu Alschent.

Eng weltbekannt Duerstellung ass d'Uelegbild Muttergottes, d'Jesuskand an déi helleg Anna vum Leonardo da Vinci.

Um Spaweck änneren

Commons: Anna selbdritt – Biller, Videoen oder Audiodateien
Commons: Anna selbdritt-Skulpturen zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien