Ankersteng si fréier fir Ponte gebraucht ginn, déi mat Gierseeler geschafft hunn.

Ankersteen zu Mehring op der Musel

Déi Steng hu misse schwéier Fielsbléck sinn, déi an der Mëtt vum Floss, flossopwäerts vun der Pont, louchen. Um Kapp vum Stee war e gebuert oder gemeesselt Lach, an deem d'Gierseel dat d'Pont ugehalen an dirigéiert huet, festgemaach gouf.