Aneuploidie bezeechent an der Biologie de Fall, an deem e Liewewiesen eenzel Chromosomen ze vill oder ze mann huet.

Wann et ëm eng anomal Zuel vu Chromosomesätz geet, heescht et Euploidie.

Zu enger Aneuploidie kënnt et bei der Méios, wann eng Chromosomekoppel, déi d'selwecht ass, sech net trennt. De Verloscht vun engem Chromosom féiert meeschtens zum Doud.

Am Fall, an deem ee Chromosom ze vill ass, 2n "plus 1", heescht et Trisomie a wierkt als Stéierung, well d'Gläichgewiicht vun de Genwierkunge verluer geet.

Bei enger Iwwerzuel vun zwéi Chromosomen, 2n "plus 2", geet et ëm eng Tetrasomie mat deene selwechte Follgen.