Den Andrzej Żuławski, gebuer den 22. November 1940 zu Lwów a gestuerwen de 17. Februar 2016 zu Warschau, war e polnesche Filmregisseur, Auteur, Schauspiller an Dréibuchauteur.

Andrzej Żuławski
Gebuer 22. November 1940
Lwiw
Gestuerwen 17. Februar 2016
Warschau
Doudesursaach Kriibs
Nationalitéit Polen
Educatioun Institut des hautes études cinématographiques,
Faculté des lettres de Paris
Aktivitéit Filmregisseur, Dréibuchauteur, Schrëftsteller, Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Journalist
Famill
Liewenspartner(in) Sophie Marceau

Den Żuławski war de Jong vum polnesche Schrëftsteller an Diplomat Mirosław Żuławski. Hien ass zu Paräis op d'Uni gaangen a war och op der Filmhéichschoul IDHEC. No éischte Filmer a Polen huet hien duerno haaptsächlech a Frankräich Filmer gemaach. Bekannt Filmer vun him si L'important, c'est d'aimer (1975) mam Romy Schneider a Klaus Kinski souwéi Mes nuits sont plus belles que vos jours (1988) mam Jacques Dutronc a Sophie Marceau. Mat der Sophie Marceau (déi 25 Joer méi jonk ass) war hien eng 20 Joer zesummen, si hunn zesummen ee Jong.

Filmographie änneren

als Regisseur (Kino) änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren