D'Andromeda ass e Stärebild vum nërdleche Stärenhimmel.

Date vum Stärebild Andromeda
Numm Andromeda
Laténgeschen Numm Andromeda
Laténgesche Geenitiv Andromedae
Laténgesch Ofkierzung And
Rektaszensioun 22h 57m bis 2h 40m
Deklinatioun +53°20' bis +21° 35'
Fläch 722 Quadratgrad
Rang 19
Siichtbar op de Breetegraden 90° Nord bis 37° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
Hierscht
Stäre mat der Gréisst < 3m 3
Hellste Stär α Andromedae (Alpheratz),2,06m
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
am Auerzäresënn)
Cassiopeia
Lacerta
Pegasus
Pisces
Triangulum
Perseus
Stärebild Andromeda
Stéch vum Stärebild Andromeda
Stärebezeechnungen

Et ass eent vun de bekanntste Stärebiller, well an dësem Stärebild d'Nopeschgalaxis vun eiser Mëllechstrooss, och eng Spiralgalaxis M 31, de groussen Andromedaniwwel läit.

Beschreiwung änneren

D'Andromeda besteet aus enger Kette vu véier Stären, déi vum Pegasus Rechteck ausginn. Déi dräi hellst Stären, Alamak, Mirach a Sirrah leie souzesoen op enger Linn.

Ënner gënschtegen Observatiounsbedingungen ass nërdlech vun der   Andromeda en Niwwelfleck z'erkennen dee schwaach liicht, d'Galaxis M 31, och als Andromedaniwwel bekannt. Déi siichtbar Stäre vum Stärebild gehéieren zu eiser Galaxis a sinn net méi wäit wéi ronn 1.000 Liichtjoer ewech. D'Distanz zum Andromedaniwwel läit dogéint bei ronn 2,7 Millioune Liichtjoer.

Geschicht änneren

D'Andromeda ass eent vun den 48 klassesche Stärebiller aus der Antiquitéit, déi vum Ptolemäus beschriwwe goufen.

Benannt gouf d'Stärebild no der Andromeda, enger Prinzessin aus der griichescher Mythologie.

Stären änneren

B F Numm o. aner Bezeechnungen m Lj Spektralklass
α 21 Sirrah, Alpheratz 2,06 97 B8 IV
β 43 Mirach, Mirakh, Merak, Mirar, Mirath, Mirax, El Mizar, Al Mizar 2,07 199 M0 IIIa
γ1,2 57 Alamak 2,26 355 K3 /B9 /B9
δ 31 3,27 101 K3 III
51 3,59 174 K3 III
ο 1 3,62 692 B6 III
λ 16 3,81 84 G8 III
μ 37 3,86 136 A5 V
ζ 34 4,08 181 K1 IIe
υ 50 4,09 44 F8 V
κ 19 4,15 170 B9 IV
φ 42 4,26 740 B6 IV + B9 V
ι 17 4,29 503 B8 V
ε 30 4,34 169 G6 III
π 29 4,34 660 B5 V + F8 V
η 34 4,40 243 G8 IIIb
σ 25 4,51 141 A2 V
ν 35 4,53 680 B5 V + F8 V
7 4,53
θ 24 4,61 253 A2 V
3 4,64
65 4,73
58 4,78
8 4,82
ω 48 4,83 92 F5 V
b 60 4,84
ξ 46 Adhil 4,88 196 K0 IIIb
τ 53 4,96 680 B8 III
ψ 20 4,97 1310 G5 Ib + A0 V
χ 52 5,01 242 G8 III
22 5,01
41 5,04
2 5,09
ρ 27 5,16 160 F5 III

De βAndromedae steet op enger Distanz vun 200 Liichtjoer vun der Äerd. Et ass e Roude Ris mat engem 30fachen Duerchmiesser vun der Sonn.
Den Numm Mirach huet en arabeschen Ursprong a bedeit souvill wéi, "d'Hëften".

Duebelstären änneren

System m Ofstand
α 2,1 / 11,8
γ 2,2 / 5,0 / 5,5 9,6"en
π 4,5 / 8,8 36"
56 And 5,7 / 5,9 200"
59 6,0 / 6,5 16,6"

Den hellste Stär an der Andromeda ass den Alpheratz (α Andromedae). Et handelt sech ëm een Duebelstäresystem op enger Distanz vun 97 Liichtjoer. De blowäissen Haaptstär huet déi 110fach Liichtkraaft vun eiser Sonn. Et ass ee verännerleche Stär vum Typ Alpha2-Canum-Venaticorum. Hie gëtt vun engem liichtschwaache Stär vun der 11. Gréissteklass begleet.

De γ Andromedae ass een Dräifachstäresystem op enger Distanz vun 355 Liichtjoer. Den orange liichtenden Haaptstär huet den 80fache Duerchmiesser an déi 2.000fach Liichtkraaft vun eiser Sonn. Hie gëtt vun zwéi bloe Stäre mat der 5. Gréissteklass begleet, déi ganz enk zesummestinn. Den arabeschen Numm Alamak bedeit „Wüsteluchs“.

De System 56 And läit 250 Liichtjoer wäit ewech a besteet aus zwéi Stäre mat de Spektralklasse K0 a K4. De System weist, vun der Äerd aus, e wäiten Ofstand vun 200 Bousekonnen.

59 And besteet aus zwéi Stäre vun de Spektralklasse B9 an A1. De System ass 300 Liichtjoer vun eiser Sonn ewech.

Och den Adhil, oder Xi Andromedae genannt, ass en Duebelstär am Stärebild Andromeda.

Verännerlech Stären änneren

Stär m Period Typ
α 2,02bis 2,06 23,19 Stonnen kuerzperiodesch Verännerlecher
λ 3,69 bis 3,97 54,2 Deeg RS-Canum-Venaticorum-Stär
ζ 3,92 bis 4,14 54,2 Deeg RS-Canum-Venaticorum-Stär
R 5,8 bis 14,9 409 Deeg Mira-Stär

Den R Andromedae ass e verännerleche Stär vum Typ Mira, deen iwwer en Zäitraum vu 409 Deeg seng Hellegkeet ännert. Am Maximum erreecht hien eng Hellegkeet vu 5,8m a kann, ënner gënschtege Bedingungen, just nach mat bloussem A gesi ginn. Am Minimum fält seng Hellegkeet op 14,9m erof. Eng Observatioun ass dann nëmmen nach mat engem Teleskop méiglech.

Messier- an NGC-Objeten änneren

Messier (M) NGC aner Gréisst Typ Numm
31 224 4m Galaxis Andromedaniwwel
32 221 8 Galaxis
110 205 8 Galaxis
752 8,5 Oppene Stärekoup
891 10 Galaxis
7662 8,5 Planetareschen Niwwel

Den M31, den Andromedaniwwel, ass mat enger Distanz vu ronn 2,7 Millioune Liichtjoer déi notste Spiralgalaxis. Si ka scho mat bloussem A als niwweleche Fleck gesi ginn.

De M32 ass eng kleng Begleetgalaxis vum Andromedaniwwel.

De M 110 ass och eng Begleetgalaxis vum Andromedaniwwel. Entdeckt gouf si am Joer 1773 vum Charles Messier.

Den oppene Stärekoup NGC 752 läit op enger Distanz vun 1.500 Liichtjoer a gouf 1786 vum Wilhelm Herschel entdeckt.

Op 40 Mio. Liichtjoer Distanz läit d'Spiralgalaxis NGC 891. Si gouf am Joer 1783 vum Caroline Herschel entdeckt. Vun der Äerd aus gesi mer d'Galaxis op d'Kant, soudatt si als längelzegen Niwwel erschéngt.

De planetareschen Niwwel NGC 7662 gouf 1784 vum Wilhelm Herschel entdeckt. Et handelt sech ëm d'Reschter vun engem Stär op enger Distanz vu 4.000 Liichtjoer.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Andromeda (constellation) – Biller, Videoen oder Audiodateien